
Nodeems dëst am Kader vun enger ëffentlecher Petitioun am Hierscht an der Chamber debattéiert gi war, gouf de Sujet elo nach emol vun de Kommissiounen zesummen mat de Ministeren an héijen Fonctionnairen um Krautmaart debattéiert.
D’LSAP-Ministere Bofferding an Engel soten, datt een duerchaus den Tabu vun der Menstruatioun misst briechen, mee datt et awer net sollt zu 2 extra fräien Deeg kommen, och d’Zeréckgräifen op den Homeoffice wärend deenen Zäiten ass net ugeduecht, well net all Fraen d’Méiglechkeet hunn, heirop zeréckzegräifen.
Der Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding no misst och zum Beispill iwwert d’Endométriose opgekläert ginn, eng Ennerläifs-Krankheet am Kontext mam weiblechen Zyklus, déi chronesch Péng kann ervirruffen.
Mat der CNS sinn iwwerdeem Diskussiounen am Gaang, fir d’Medikamenter, fir den Traitement vun der Endométriose ze rembourséieren.
An deem Kontext koum och d’gratis Verdeele vun Hygiènesartikelen an d’Spill, wou eenzel Deputéiert der Meenung waren, datt hei de Staat misst seng Responsabilitéit iwwerhuelen an et net un de Gemengen eleng léich, esou Automaten opzestellen.
An de Schoulen ginn zum Beispill Automaten installéiert, fir déi jonk Fraen e Jeton kréien zu Ufank vum Schouljoer, fir vun der Offer vun gratis Hygiènes-Produkter kënnen ze profitéieren.