VIDEO: Vu Kommissariater bis KarriärenWeider Onzefriddenheet no der Police-Reform

RTL Lëtzebuerg
5 Méint no der Police-Reform ass Onzefriddenheet ze spieren. D'Poliziste bedauere weider personell Enkpäss a strukturell Problemer.
VIDEO: Weider Onzefriddenheet no der Police-Reform
5 Méint no der Police-Reform ass Onzefriddenheet ze spieren. Poliziste bedauere weider personell Enkpäss a strukturell Problemer.

Dat neit Gesetz hat méi Disponibilitéit a Proximitéit fir d'Bierger versprach. Et sollt eng besser Organisatioun fir d'Kommissariater ginn. Eenzel Ulafstelle sinn zwar net zou, mee et ass och net wierklech praktesch ausgeriicht. Zum Beispill, wa Kommissariater just fir 2 Stonnen iwwert d'Mëttegpaus ophunn. "Do musse Poliziste vun engem grousse Kommissariat fir e puer Stonnen hifueren, opspären a waarden, ob vläicht ee kënnt. Dat arrangéiert d'Police net, well déi feelen um grousse Kommissariat. Dat ass just eng Alibi-Funktioun", esou de Pascal Ricquier, President vun der Police-Gewerkschaft SNPGL.

Et géif eng richteg Analys feelen, wat elo wou gebraucht gëtt. An da misst ee sech déi néideg personell Moyene ginn. Insgesamt wier d'Police nach ënnerbesat.

D'Police hat u sech ënnert dem fréiere Minister Etienne Schneider méi Leit zougestane kritt. Mä nach géif et net duergoen. "Dëst Joer sinn der manner komm. 41 Leit sinn aus der "Instruction tactique de base" vun Dikrech erauskomm. Dat geet just duer, fir d'Pensiounsofgäng ze kompenséieren", esou de Pascal Ricquier weider.

Bei deenen, déi schonns am Beruff sinn, fäerte vill, op der Streck ze bleiwen, well déi nei Karriär B1 net einfach zougänglech wäert sinn. Betraff si 500 Leit mat Ofschlossdiplom aus dem Secondaire. Déi éischt Bréiwer, fir hir Rechter anzekloen, solle schonns um Büro vum Minister François Bausch leien.

E weidert Uleies betrëfft d’gesetzlech Virlag fir d'Déngschtpläng. Do sollt ee sech un enger europäescher Direktiv orientéieren, déi zënter Joren net richteg ëmgesat gouf, betount d'Gewerkschaft. D'Iddi ass, vill méi de Besoine vum Metier gerecht ze ginn.

Gespaant waart d'Gewerkschaft op en éischt Gespréich mam Minister d'nächst Woch an op eng gutt Kooperatioun.

Back to Top
CIM LOGO