Bei engem Feier an enger Bar an der thailännescher Haaptstad Bangkok sinn um spéide Sonndegowend op d'mannst 27 Mënschen ëm d'Liewe komm. De Ministerpresident Anutin Charnvirakul huet Medien aus der Regioun vun der Onglécksplaz gesot, et wiere 27 doudeg Kierperen erausgedroen an "e puer" Blesséierter a Spideeler bruecht ginn.
De Regierungschef huet gesot, Museker am Lokal um Bord vu Bangkok hätte vun "Damp an engem Haaptschalter nieft der Bün" geschwat, wouropshin et zu engem Stroumausfall an enger Explosioun komm wier.
"Déi meescht Affer sinn no hanne gerannt, bei d'Toiletten, wou et keng Sortie gouf", sot den Anutin virun de Journalisten. Méiglecherweis hätte si aus Panik gehandelt, well et am Restaurant gebrannt hätt a voller Damp gewiescht wier. "De Beräich war séier voller Damp", huet hie weider erkläert a sech dobäi op Berichter vun Iwwerliewende beruff.
Déi thailännesch Police huet e Méindeg géint 2 Auer Lokalzäit op Onlineplattforme matgedeelt, datt d'Feier "ënner Kontroll bruecht" gouf.