Et ass awer bal onméiglech, jonk Planzen an der Natur nach eropzekréien, well d’Densitéit vun ënnert anerem Réi an Hirsch esou grouss ginn ass, dass se eigentlech alles ewech friessen. Fir dass eis Bëscher iwwerhaapt d’Chance hunn, sech ze verjéngen, kréien d’Jeeër d’Hand ausgestreckt vun Organisatioune wéi Natur an Ëmwelt, Privatbëschbesëtzer, Mouvement écologique, oder nach Hëllef fir d’Natur.
Bei de Jeeër huet ee kee Problem, mat deem Appell ze hëllefen, de Wëldbestand erof ze kréien, esou de Vizepresident vun der Jeeër-Federatioun Marc Reiter:
Mir schwätzen do net laanschteneen, mir kennen de Problem alleguer. Mir sinn do och an deem do Beräich deelweis op enger Wellelängt. Mir froe jo net fir Näischt scho jorelaang, déi néideg Moyen’en ze kréien. Elo ass dat jo och anscheinend bei deenen do Organisatiounen ukomm a mir, mengen ech, kënnen nëmmen zesummen do eppes maachen”
Um gudde Wëlle bei de Jeeër géif et op alle Fall net feelen. Et wieren och genuch Jeeër do. Allerdéngs, esou de Vetrieder hirer Federatioun:
“Et muss een déi Leit just schaffe loossen an et muss ee vläicht ophalen ze probéieren, deene Leit vu Moies bis Owes ze erklären, wéi een d’Juegd mécht. Ech mengen dat wësse mir alleguer relativ ganz gutt.”
Et wëll ee bei der Jeeër-Federatioun pragmatesch un de Sujet erugoen, an do géif een zum Beispill net laanscht d’Fro kommen, wat da mat deem ganze Fleesch soll geschéien, wann ee méi massiv Wëld schéisse geet.