Am Wëltzer Schoulhaff huet d’Zuel 50 de Schüler d’Méiglechkeet gebueden, fir méi no zesummen ze réckelen. Déi 1.200 Schüler souze fir eemol net an der Schoulbänk, mä si ware wärend 50 Minutte sportlech aktiv. Si krute kee Programm virgeschriwwen, mä konnte sech selwer eng Aktivitéit eraussichen.
Eng Dosen Ateliere goufen ugebueden. Nieft deene klassesche Sportaarte stoungen och méi alternativ Formen um Programm
An enger beweegungs-aarmer Gesellschaft, an där, net nëmmen am Ausland, d’Obesitéit zouhëlt, ass et wichteg, déi jonk Leit ze motivéieren, fir sech reegelméisseg ze beweegen.
De Luc Holtz war ee vun de Prominenten, deen Atelieren animéiert huet. Am Schwamme war de Laurent Carnol mat aktiv, eise renomméiertste Schwëmmer.
Am Basket hunn d’Schüler vum Kresimir Basic geléiert, den Etzella-Trainer, deem den Doublé mat senger Ekipp gelongen ass.
Net all d‘Schüler ware sportlech aktiv, e puer vun hinnen hunn un hirem Organisatiounstalent gefeilt.
Bleift ze hoffen, dass et net mat deene 50 sportleche Minutte gedoen ass. Mir waarde jiddefalls op den 100. Anniversaire vun der Schoul.