Um Mëttwoch ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder. Dës si wichteg fir d’Biodiversitéit, wéi wichteg weisen d’Zuelen. Bis ewell goufen 330 Vullenaarten zu Lëtzebuerg nogewisen, eleng 270 um Haff Réimech.
Fréier gouf op dëser Plaz industriell Sand ofgebaut. No an no hu sech dunn déi Lächer mat Grondwaasser gefëllt, Schilf ass gewuess. A mat deem Schilf hu sech bannent de leschte Joerzéngte vill interessant Planzen- an Déierenaarten néier gelooss. Zanter 1988 ass den Haff Réimech een nationaalt Schutzgebitt. Duerch de Klimawandel zeie verschidde Vullenaarte méi fréi oder méi spéit duerch d’Gebitt, d’Brutzäiten hu sech liicht geännert, esou de Patric Lorge vun Natur an Ëmwelt.
De Schutz vun de Biotope wier wichteg, well se Reservoire vun der Biodiversitéit wieren a se och bei Héichwaasser eng Aart Puffer wieren. Et wier och wichteg uechter d’Land Weieren ze hunn. Dofir schafft d’Natur- an Ëmweltsyndikat SIAS zesumme mat de Baueren, fir do wou et méiglech ass op landwirtschaftleche Fläche Weieren unzeleeën, esou den Nick Heiter vun der biologescher Statioun. Wann et vill esou Weiere géif, kéinten d’Déieren och emol op aner Plaze goen, wa se a waarme Summeren op verschiddene Plazen ausdréchnen. Wann op der enger Plaz Liewensraim ewechgeholl ginn, wier et wichteg op anere Plazen neier ze schafen.