
Am Aarbechtsministère ginn aktuell d’Bulletine fir d’Chambre des Salariés ausgezielt, also wien déi nächst 5 Joer d’Interessie vum Privatsecteur vis-à-vis vun der Politik vertrëtt. Mir hunn am Aarbechtsministère nogefrot, wéi een déi puer Honnertdausend Enveloppë geréiert.
Déi giel Enveloppë sinn a versigelte Postkëschten am Ministère an der Stad ukomm. Owes vu 17 bis 21 Auer ginn d’Bulletinen ausgepaakt an a Backe virsortéiert: Eidel Enveloppen, ongülteg, panachéiert oder Lëschtestëmmen. Eréischt da gëtt gekuckt, wéi gewielt gouf.
“Da maache mir Gruppe vun 3 Leit, engem President an zwee Scrutateuren. De President liest d’Resultater vir, an déi zwee Scrutateure maache Strécher. Dat gëtt natierlech och ganz reegelméisseg kontrolléiert, fir dass kee Feeler geschitt”, erkläert d’Vally Berini. Si ass Vizepresidentin vum Walbüro an dofir responsabel, dass sech un d’Reegele gehale gëtt.
Wichteg wier, dass sech un déi eenzel Echeancë gehale gëtt an alles juristesch korrekt ofleeft. D’Preparatioune fir d’Wale fänken dofir schonn e Joer virdrun un. Am Ministère lafen dobäi d’Fiedem zesummen, zum Beispill de Kontakt mat der Dréckerei, der Chambre des Salariés an dem Friddensgeriicht, dat d’Wallëschte kritt. Vun hei aus goufen déi gutt 617.000 Walziedelen dann och virun der Wal an d’Enveloppe gestach a verschéckt.
An den nächste Woche schaffen elo 60 Leit mat, fir d’Bulletinen auszezielen. Ass d’Resultat bis kloer, ginn d’Ziedelen déi nächst 5 Joer stockéiert, falls eppes contestéiert géif.
Iwwregens: duerch e QR-Code op der gieler Enveloppe ka gekuckt ginn, wéi d’Walbedeelegung ass, och bei de Frontalieren. Bei de leschte Sozialwalen hate grad emol 33 Prozent vun all de Walberechtegten ofgestëmmt.