Invité vun der Redaktioun (24. Abrëll)Wiseler erwaart sech net vill vun der Ried zur Lag vun der Natioun

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Claude Wiseler
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Hie géif sech net vill vun der Ried zur Lag vun der Natioun erwaarden, déi de Premier Xavier Bettel um Dënschdeg de Mëtteg hält. Dat hätt hien nach ni gemaach a wier dofir och net enttäuscht ginn, sou den Oppositiounsleader an CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler; hie war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Hien hofft op eng seriö Ried, an net nëmmen eng, wou sech d’Regierung selwer lueft.
Den Etat de la Nation fënnt de Claude Wiseler keen iwwerlieften Exercice. Hie géif feststellen, datt de Xavier Bettel méi am Ausland ënnerwee wier. Dofir wier den Exercice um Dënschdeg de Mëtteg d’Geleeënheet, op d’Problemer vun heiheem anzegoen.

De Claude Wiseler

Et wär e gudde Moment fir ze kommunikéieren, et misst een e just notzen, sou de Claude Wiseler.

Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.

No der Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel um Dënschdeg de Mëtteg um hallwer 3 ass et e Mëttwoch un de Ministere Pierre Gramegna an Etienne Schneider fir hire Bléck op déi lescht 5 Joer ze geheien. De Finanzminister wäert ënnert anerem op de Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm ze schwätze kommen. De Wirtschaftsminister sengersäits, wäert den nationale Reformprogramm virstellen. Béid Programmer schreiwe sech am Kader vum europäesche Semester an. Déi zwee Programmer solle dofir bis Enn vum Mount u Bréissel geschéckt ginn. D’EU-Kommissioun setzt dee Moment Recommendatioune zesummen a schéckt déi un de Grand-Duché.

E Mëttwoch de Mëtteg an en Donneschde Moien duerfe sech d'Deputéiert an der Chamber positionéieren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO