
RTL-Informatiounen no gouf et awer 8 Kandidature fir déi 4 Plazen, déi de Statuten no der Fraktioun zoustinn: Déi meeschte Stëmme fraktiounsintern kruten d'Diane Adehm, de Gilles Roth, d'Octavie Modert an de Léon Gloden.
Net zréckbehale goufen RTL-Sourcen no de Michel Wolter, d'Viviane Reding, de Jean-Marie Halsdorf an de Paul Galles.
Allerdéngs kënne si respektiv aner CSV-Memberen nach an den Nationalcomité ënnert dem neie President Frank Engel kooptéiert ginn.
An deem Comité steet dem Fraktiounspresident seng Plaz statutaresch zou.
Deen nationale Gremium mat senge ronn 30 Membere kënnt eemol de Mount beieneen; iwwerdeems sech d'Exekutiv vun der Oppositiounspartei ronn all 14 Deeg gesäit.
Déi éischt Reunioun vum neigewielte Gremium ass den nächste Méindeg.
Nodeem déi 4 CSV-Bezierker nei Presidenten a Comitéë gewielt haten, goufen zu Mutfert um Kongress nach déi zwee Bezierksvertrieder fir den Nationalcomité gewielt, sou dass dee Personnel quasi komplett ausgetosch gouf.