
Dat ënnert anerem am Kontext vu véier Polizisten, déi den Ament nach an Untersuchungshaft wéinst Verdacht op Policegewalt sëtzen. Wou sinn an de Policekommissariater Kameraen, gëtt et méi Krankeschäiner ënnert de Polizisten a wat bedeit et, wann e Polizist seng Waff ofgëtt?
RTL hat en Interview bei der Police ugefrot, mir kruten awer gesot, mir sollen d’Froe schrëftlech eraginn, no annerhallwer Woch krute mer dës beäntwert. En Interview mat der Police-Direktioun krute mer net accordéiert.
De Service public vun der Police wier global organiséiert a géif net vum Fonctionnement vun eenzelen Unitéiten ofhänken. Kommissariater, déi op zwou Schichte fonctionéieren, wieren nuets zou, hiren Zoustännegkeetsberäich géif deen Ament automatesch vun den Nuetsschichte vun den anere Kommissariater, déi op dräi Roulemente schaffen, iwwerholl.
Punktuell kann et och duerch gréisser Evenementer zu Fermeturë vu Kommissariater kommen, wou Beamtinnen a Beamte vu méi Kommissariater zesummegezu ginn. Grouss Demonstratiounen oder Staatsvisitte kéint een als Beispiller nennen.
Och wann imprevisibel Absencë sech cumuléieren, kéint et virkommen, dass e Kommissariat muss zou bleiwen, esou de Pressebüro vun der Police. Genee Statistike gëtt et keng.
Och an esou Situatioune wieren déi prioritär Missioune vum Service public zu all Ament assuréiert.
Den Ament géif et keng signifikativ Hausse vun de Krankmeldunge ginn, den Niveau wier vergläichbar mat de Méint virdrun.
Am Sënn vum Schutz vum Perimeter wiere Kameraen am externe Beräich vun de Policekommissariater virgesinn, dat an de Limitte vum gesetzleche Kader an den techneschen Ëmsetzungsméiglechkeeten.
Déi zouen “Cellules d’Arrêt”, déi et op eenzele Kommissariater ginn, wieren all kameraiwwerwaacht. An den Arrestzelle géife Persounen iwwer Nuecht ënnerbruecht ginn, respektiv géife se do fir eng gewëssen Zäit hir Fräiheet entzu kréien, sou wéi de legale Kader et virgesäit.
An de sougenannte “Locaux de sécurité” gëtt et keng Kameraiwwerwaachung. Dës gi genotzt, wann eng Persoun wärend engem Verhéier muss kuerz agespaart ginn.

Seng “Waff ofzeginn” géif net bedeiten, datt een net méi schafft. Dëst wier och keng individuell Decisioun vun engem eenzele Beamten, mä geschitt an Ofsprooch mat der Hierarchie respektiv enger Begleedung duerch de Service santé et bien-être au travail vun der Direction ressources humaines vun der Police.
An der Praxis géif dat bedeiten, datt de Beamte keen Aussendéngscht méi mécht, also net méi mat op Patrull oder op Interventioune fiert, mä duerfir awer weiderhin administrativ Policeaufgaben assuréiere kann, wéi zum Beispill um Policebüro Plainten entgéintzehuelen.

An esou Situatioune géif den direkte Kontakt mat de Beamte vun der concernéierter Déngschtstell gesicht ginn. Als éischt duerch den direkte Chef oder d’Regionaldirektioun.
Vun der Generaldirektioun géifen d’Beamten duerch de Service Santé et bien-être au travail vun der Police souwéi op fräiwëlleger Basis duerch de Service psychologique ënnerstëtzt ginn. Wann néideg géif een och vun de Ressources Humaines oder dem Service juridique berode ginn.
Vis-à-vis vum Rescht vum Corps géif en général intern kommunizéiert ginn. Dëst wier am Fall vum Virfall um Stater Kommissariat schwéier, well duerch de Secret de l’instruction och d’Direction générale vun der Police keng Informatiounen iwwert d’Instruction judiciaire hätt.