
Dass de Problem mat de Logementspräisser och am europäesche Verglach dramatesch zu Lëtzebuerg ass, weist eng nei Etüd vun Eurostat. Hei kënnt de Grand-Duché nämlech op déi 2. Plaz vun deene Länner an Europa, an deenen d'Logementspräisser am stäerkste klammen.

Op Nummer 1 steet Ungarn, mat 14%, dono kënnt da Lëtzebuerg mat 11,4% a Kroatien op der 3. Plaz, mat 10,4%. Bei dëser Etüd gouf den Zäitraum vun Abrëll bis Juni 2019 mam selwechten Zäitraum aus dem Joer 2018 verglach.
Ungarn läit och nëmmen dowéinst fir, well hei d'Präisser sech deene Präisser am Westen upassen. Hei bezilt een Deloitte no nëmmen 1.323 Euro pro Quadratmeter an der Moyenne. Hei muss awer och natierlech respektéiert ginn, dass eng Persoun an Ungarn vill manner verdéngt, wéi zum Beispill an Däitschland oder souguer zu Lëtzebuerg.
De Problem vun de Präisser déi klammen, ass iwwregens a ganz Europa ze constatéieren, just an Italien gesäit een, dass d'Präisser am Verglach zu 2018 zeréckgaange sinn.