“Et si Situatiounen, wou ech mir soen, ‘et ass wierklech mega, wat mir hei fir Biller gesinn’”, sou de Yannick Rama.
De 34 Joer alen Déifferdenger schafft zanter 17 Joer am Stolwierk a senger Heemechtsstad. Ma et war awer keen Zoufall, datt hien an der Stol-Industrie gelant ass. “Mäi Brudder, mäi Bop an nach aner Leit aus der Famill schaffen oder hunn hei op der Schmelz geschafft. Ech sinn hei eragewuess. Et ass eng Passioun”, sou de Yannick. Mir hunn de jonke Mann op enger vu sengen Nuetsschichte begleet. An eppes kann ee soen, kal a roueg war et do net.
Am Kader vun der Serie “Nuetsschicht” stelle mir Iech reegelméisseg Leit aus der Beruffswelt vir, ouni déi d’Gesellschaft hei am Land net funktionéiere géif. Mënschen, déi eréischt da schaffe ginn, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen.
