
Fir dat ze erreechen, hat d’LSAP an der Steierdebatt am Juli ënnert anerem e Barème unique proposéiert, bei deem d’Tauxe fir déi méi niddreg Gehälter méi lues géingen an d’Luucht goen ewéi bei héije Salairen. Donieft huet d’Partei nei Barèmen a Spëtzesteiersätz proposéiert.
Well d’Finanzministesch Yuriko Backes sot, datt d’Steieren op de Salairë bis Mëtt vum Joer dem Staat scho 445 Milliounen Euro méi erabruecht hunn, wollt den LSAP-Deputéierten Dan Kersch vun hir wëssen, wéi vill seng Propose géinge kaschten.
D’Yuriko Backes äntwert op d’entspriechend parlamentaresch Fro, dës Mesurë géingen de Staat 1 Milliard Euro d’Joer kaschten.
Aus den Tabellen, déi de Finanzministère nei berechent huet, geet ervir, datt mat der Propos vum Dan Kersch d’Paie bis zu 30.000 Euro d’Joer 1.507 Euro manner Steiere géinge bezuelen.
Gehälter vu 60.000 Euro géinge souguer 2.310 Euro manner bezuelen. Bei 130.000 Euro géing een 385 Euro manner bezuelen an da géing et méi Steiere ginn. Een, deen eng Millioun d’Joer verdéngt, géing ronn 53.000 Euro méi bezuelen.