Lëtzebuerger ArméiZanter 30 Joer am Asaz fir de Fridden

RTL Lëtzebuerg
Zanter 1992 ass déi Lëtzebuerger Arméi queesch uechter d'Welt am Asaz, fir de Fridden ze garantéieren.
30 Joer Friddensmissioun vun der Lëtzebuerger Arméi
Den 28. November huet d’Arméi hir 30 Joer Asaz fir de Fridde gefeiert.

Leschten Donneschdeg gouf den 30. Gebuertsdag vun den Auslandsmissiounen am Sportzenter Krounebierg zu Miersch gefeiert. Dobäi gouf esouwuel zeréck wéi och no vir gekuckt.

30 Joer Friddensmissiounen / Reportage Marc Hoscheid

Begleet vun der Militärmusek huet d’Lëtzebuerger Arméi d’Verdéngschter vun deenen iwwer 1.500 Zaldote geéiert, déi an de leschten 30 Joer un Auslandsmissiounen deelgeholl hunn. Ee vun hinnen ass de Sylain Eberhardt, President vun der Association des anciens combattants. Hie war 1992 bei der éischter Lëtzebuerger Friddensmissioun am deemolege Biergerkrichsland Jugoslawien derbäi. Den Asaz hätt hie mat senge Komeroden zesummegeschweesst. “Dat war eng grouss Kollegialitéit dohannen. Do war et net sou, datt een ee Grad hat, et huet een net no engem Offizéier oder engem Ënneroffizéier gekuckt, et war wierklech eng Mannschaft, déi zesummegeschafft huet, fir de Fridden z’erhalen dohannen.”

De Kaperol éischt Klass Jérémy Righi war schonn op dräi Auslandsmissiounen, 2011 an 2016 am Kosovo an 2021 am Mali. Hien huet d’Gefill, datt d’Aarbecht vun der Arméi vun der Gesellschaft positiv opgeholl gëtt. “Dir hutt haut gesinn, datt mer décken Applaus kruten. Ech si schonn der Meenung, datt d’Gesellschaft op eiser Säit steet a schätzt wat mer maachen.”

De Generol Steve Thull, deen e Freideg Invité vun der Redaktioun um Radio war, huet ënnerstrach, datt sech de Charakter vun den Auslandsmissiounen am Laf vun de leschten 30 Joer staark verännert hätt. “Déi häuteg Asätz entscheede sech vun deemools. Deemools ass de Krich ausgebrach a mir sinn dohinner komm, fir rëm fir Fridden ze suergen. Am Géigesaz zu deem, wat mer haut an der Enhanced forward Presence am Oste vun Europa maachen. Do geet et ëm d’Konfliktpreventioun. Mir ginn also dohinner, fir ze verhënneren, datt eng Attack op déi Länner geschitt. Also ass d’Perspektiv eng aner. Ma et ass ëmsou besser, wann ee sech militäresch engagéiere kann, ouni datt et dono zu Bluttvergéisse kënnt.”

De Verdeedegungsminister François Bausch huet sengersäits ënnerstrach, datt d’Aufgabe vun den Zaldoten ëmmer méi komplex géinge ginn. Dowéinst wier et noutwenneg, datt d’Zäit vum Engagement um Härebierg ëm ee Joer ze verlängeren. Datt dat potenziell Kandidaten ofschrecke kéint, gleeft hien net. Et géing de Leit nei Méiglechkeete ginn an et wéilt ee se sou motivéieren, eng professionell Karriär bei der Arméi anzeschloen.

Back to Top
CIM LOGO