
Wéinst Fälschung huet sech en Dënschdeg de Mëtten e Mann vu 27 Joer um Stater Geriicht misse veräntweren. Hie wollt Congé hunn, well e midd war, krut deen awer vu sengem Employeur refuséiert; doropshin hat de Mann am Dezember 2016 kuerzerhand en Dokteschcertificat gefälscht an deen ofginn. D'Fälschung war allerdéngs opgefall an d'Firma hat Plainte gemaach.
De Vertrieder vum Parquet huet 6 Méint Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof dofir gefrot. Woubäi dat Ganzt keng Joerhonnertaffär wär ...
D'Faite wäre kloer: De Mann hätt eben e gefälschten Dokteschcertificat eragereecht an dofir en Original trafiquéiert, sou de Vertrieder vum Parquet. D'Gravitéit vun der Affär wär éischter relativ, dat Ganzt méi en domme wéi e kriminellen Akt gewiescht an de Mann sech däers och bewosst.
Eng Polizistin sot, si hätt deemools dem Mann säin Hausdokter kontaktéiert an deem e Questionnaire zoukomme gelooss. De Medeziner hätt dorop geäntwert, dass et wuel en Originalcertificat wär, mat senger Ënnerschrëft, de Patient d'Datumer awer gefälscht hätt; deen hätt dem Dokter och gesot, dass hien eng Dommheet gemaach hätt. D'Polizistin hat de Mann doropshi gehéiert an deen d'Fälschung zouginn; hien hätt nach en Original vun enger Krankmeldung gehat, d'Datumer dorop gefälscht an de Certificat u säi Patron geschéckt. Hien hätt der Societéit awer och matgedeelt, dass de Certificat gefälscht wär, an an deem Sënn eng Erklärung op seng Éier ënnerschriwwen.
Op d'Fro hi vum President vum Geriicht, wat hien dann ugaange wär, huet de Beschëllegte geäntwert, hien hätt ze vill op der Schaff ze di gehat, wouropshin hien de Certificat ausgefëllt hätt. Hie géif dat bedaueren an hätt et ni däerfe maachen, sot de Mann, deen entlooss gi war an och nach eng Plainte vum Patron op d'Box krut. D'enorm Dommheet, wéinst där hien elo viru Geriicht stéing, géif him leeddoen, huet den Ugekloten nach erkläert.
Nodeems de Me Sorel, Affekot vun der Firma, 5.000 € Schuedenersatz an d'Bezuele vun 2.050 € Affekotekäschte gefrot hat, huet de Mann gemengt, dës Demande ze verstoen, d'Montanten awer ze kontestéieren.
Den 20. Juni gëtt d'Uerteel gesprach.