N2 Richtung SandweilerZe séier, ouni Fürerschäin, an alkoholiséiert e Policewon iwwerholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg hat een Automobilist op der N2 sou zimmlech alles falsch gemaach, wat e konnt falsch maachen.

De Chauffer war a Richtung Sandweiler ënnerwee, wéi e mat däitlech ze héijer Vitess e Policewon iwwerholl huet .

De Chauffer gouf gestoppt a kontrolléiert, woubäi festgestallt gouf, dass sou munches net an der Rei war. Fir unzefänken, war den Auto net richteg ugemellt. Da war och nach d’Steiervignette net méi valabel an den Auto war net assuréiert. Da koum nach dobäi, dass den Automobilist kee valabele Fürerschäin hat.

Domat awer nach net genuch... den Alkoholtest war och nach positiv. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet an den Auto gouf op der Plaz immobiliséiert.

Och an der Nuecht op en Dënschdeg ass enger Policepatrull an der rue Sainte-Zithe an der Stad en Auto mat héijer Vitess entgéint komm. De Chauffer gouf gestoppt an den Alkoholtest war positiv.

Back to Top
CIM LOGO