
De Staatsrot huet a sengem Avis iwwert deen neie Covid-Gesetzesprojet eng formell Oppositioun gemaach. Et goung drëm, datt den Text engem eenzele Minister Kompetenze ginn hätt, déi awer bei der ganzer Regierung musse leien. Déi parlamentaresch Gesondheetskommissioun, déi e Mëttwoch beienee war, huet decidéiert, dee betraffenen Artikel ze sträichen.
Nieft dem Staatsrot hat e Mëttwoch dann och déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH hiren Avis zum neie Covid-Gesetz publizéiert.
D'Feeler am Text vum Covid-Gesetz maachen et Deels schwéier, déi verschidde Passagen ze interpretéieren, esou d'Kritik vun der CCDH an hirem Avis zum neien Text, déi d'Covid-Mesurë bis Mëtt Mäerz solle verlängeren. Weider wiere vill Detailer an deem Text net direkt dem Public matgedeelt ginn.
Déi hätt een op de Pressekonferenzen op der Säit gelooss. Dozou gehéiert zum Beispill, datt déi perséinlech Daten no engem negative Covid-Testresultat an Zukunft méi laang gehale ginn, esou d'Anamarija Tunjic, vun der Mënscherechtskommissioun: „Bis elo war dat limitéiert op 72 Stonnen. Elo gëtt dat erweidert. No 6 Méint soll et pseudonymiséiert ginn an no 3 Joer anonymiséiert. Dat ass eng vill méi laang Dauer, ewéi bis ewell virgesi war.“
D'Erklärunge fir dës Durée ze verlängeren, wieren net iwwerzeegend, heescht et vum CCDH. Et wier och iwwerraschend, datt eng Rëtsch nei Aspekter déi den Educatiounsministère concernéieren, elo bemol am Covid-Gesetz festgehale ginn. Et géif ee begréissen, datt déi nei gesetzlech Basis et erlaabt, d'Kontaktdate vun de Schüler ze sammelen, fir e séieren Tracing ze garantéieren. D'Fro déi sech awer géif stelle wier, ewéi dat bis ewell gereegelt gouf: „Ewéi eben och am Kader vu positive Fäll an der Schoul, wou dann d'Eltere vun den anere Kanner musse kontaktéiert ginn, wann et Kontakter gouf. Mä mir froen eis, ewéi dat dann déi leschten 11 Méint geréiert gouf.“
Wat d'Impfstrategie ugeet, wier een zefridden, ze gesinn, datt d'Generaliste sollen aktiv implizéiert ginn an datt déi Leit, déi als vulnerabel zielen an iwwert déi nächste Méint vun de verschiddene Phase viséiert ginn, sech via hiren Hausdokter kënnen un d'Santé adresséieren, fir eng Invitatioun ze kréien, fir sech impfen ze loossen. Déi eegen Initiative misst awer méi vun der Regierung promouvéiert ginn, esou nach de CCDH.
Genee wéi rezent schonn d'Journalistenassociatioun ALJP, stellt sech och CCDH d'Fro, firwat d'Pressekonferenze vun der Regierung net komplett online gesat ginn. D'Froen an d'Äntwerte vun de Journaliste géifen erausgeschnidde ginn, obwuel genee dësen Deel fir méi Transparenz géing suergen, sou d'CCDH. Dofir fuerdert déi consultativ Mënscherechtskommissioun d'Regierung op, fir sou séier wéi méiglech all déi néideg Mesuren ze huelen, fir dat ze änneren.
Dat neit Covid-Gesetz soll iwwerdeems e Freideg de Mëtteg an der Plenière gestëmmt a bis de 14. Mäerz inclus gëllen.