Feier zu Schengen a RëmerschenZeie gesicht wéinst méiglecher Brandstëftung am November

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vum 11. November 2018 hat géint 02.50 Auer eng Lagerhal zu Schengen an der Wäistrooss gebrannt. Zu Rëmerschen gouf et e Brand bei der Schoul.
© Olidom Multimedia / Archivbild

Engem Zeien, dee laanscht d'Schoul gefuer war, ass zu deem Zäitpunkt eng däischter gekleete Persoun opgefall, déi ze Fouss vu Rëmerschen an Direktioun Wëntreng ënnerwee war. D'Police freet elo, dass déi Persoun sech soll mellen.

Sämtlech Zeien, déi Informatiounen zu der däischter gekleeter Persoun oder béide Bränn hunn, solle sech beim Service de Police Judiciaire, Section Enquêtes Spécialisées um 4997-6116 mellen.

RTL NEWS: Zu Schengen stoung eng Hal nieft enger Bensinsstatioun a Flamen

Back to Top
CIM LOGO