Auto a Moto am CoupZeienopruff no Accident e Méindeg tëscht Iermsdref a Reisduerf

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Fall vun engem Accident, bei deem béid Parteien ënnerschiddlech Aussoe maachen, wéi et zu der Kollisioun komme konnt.

E Méindeg huet et géint 14.40 Auer op der Streck Iermsdref a Richtung Reisduerf op der Héicht Neimille geknuppt. En Auto an e Moto krute sech hei liicht ze paken. Éischten Informatiounen no wier et duerch e geféierlechen Iwwerhuelmanöver zum Accident komm. Well d’Aussoe vu béide Parteien net iwwerteneestëmmen, sicht d’Police elo no Zeien.

Wien d’Kollisioun gesinn huet, soll sech bei der Police Dikrech/Veianen ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 80 1000 oder via E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO