Op der A6Zeienopruff no Accident en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 19 an 19.30 Auer en Dënschdeg den Owend, war et op der A6 an Direktioun Belsch zu engem Accident tëscht engem Moto an engem Auto komm.
© RTL Grafik

Dat op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz. D’Motocyclistin gouf nom Accident mat Blessuren an d’Spidol transportéiert.

D’Police sicht den Ament no Zeien, fir ze klären, wéi et zum Accident komme konnt.

Wien Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebieden, sech bei der Verkéierspolice (UPR) ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 17 5200 oder iwwer Mail.

Back to Top
CIM LOGO