
Den Accident ass e Mëttwoch géint 17 Auer op der A13 a Richtung Péiteng kuerz nom Tunnel Éilereng geschitt. Wéi de Chauffer vun engem orangen Auto zwee Camionen iwwerhuele wollt, déi Bamstämm transportéiert haten, huet eng Persoun sech mat hirem roude Gefier tëscht béid Camione gequëtscht, fir den Auto vu riets ze iwwerhuelen. Dobäi krut den Automobilist den orangë Won ze paken an huet sech séier duerch d’Bascht gemaach.
D’Police sicht no enger Fra, déi hannert dem Steier vun engem wäissen Auto souz a sech ëm d’Affer gekëmmert huet. Si ass gebieden, sech bei der Police Déifferdeng via Telefon (+352) 244 53 1000 oder E-Mail (police.differdange@police.etat.lu) ze mellen.