PoliceZeienopruff no Accident zu Beetebuerg

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg, den 21. Juni, war et géint 15.20 Auer zu Beetebuerg zu engem Verkéiersaccident mat Materialschued komm.
© RTL Archiv

E Camion stoung an der Rue de Luxembourg, wouduerch d'Fuerspuer a Richtung Uertsausgang méi enk war. De Chauffer vun engem wäisse Sportswon, deen op dëser Spuer ënnerwee war, huet trotz Géigeverkéier Gas ginn, fir laanscht de Camion ze fueren. Fir eng Kollisioun ze verhënneren, huet den Automobilist op der Géigespuer mussen eng Vollbremsung maachen. De Motorradschauffer hannendrun huet och staark mussen ofbremsen an ass dowéinst gefall an an de Won virdru geknuppt.

Fir den Oflaf vum Accident klären ze kënnen, sicht d'Police elo nom Chauffer vum wäisse Sportswon an och no aneren Aenzeien. Si solle sech beim Kommissariat Diddeleng mellen, ënnert der Telefonsnummer 244691000 oder per E-Mail Police.DUDELANGE@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO