DikrechZeienopruff no engem Déifstall hannert der Kierch

RTL Lëtzebuerg
Eng Persoun krut e Freidegnomëtteg zu Dikrech hir Kette geklaut.
© RTL Grafik

E Freideg géint 16:20 Auer, ass eng Persoun zu Dikrech an der Strooss "Op der Meierchen" hannert der Kierch iwwerfall ginn. Den éischten Informatiounen no hätt si hir Kette geklaut kritt. Den Täter ass no der Dot an Direktioun vun der Haaptstrooss (Bamertal / Rue de Stavelot) fortgelaf. Bei him soll et sech ëm e Mann mat däischteren Hoer handelen. Hien hätt e schwaarzen T-Shirt ugehat.

Alleguer d'Informatioune si fir de Policekommissariat Dikrech/Veianen. D'Telefonsnummer ass den 244 80 1000, d'Mailadress ass "police.diekirchvianden@police.etat.lu".

D'Police mellt dann dräi weider Iwwerfäll vun e Freideg respektiv aus der Nuecht op e Samschdeg:

E Freidegmoien krut d'Police zwee Männer gemellt, déi sech bei der Stater Gare géinge streiden. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer. Den éischten Informatiounen no wier et zum Sträit komm, well ee vun de Männer deem aneren den Handy geklaut hätt. De Verdächtege gouf doropshi kontrolléiert. Dobäi hunn d'Beamten e Laptop bei him fonnt. Et huet sech erausgestallt, dass de Mann dëse virdru geklaut huet. Ausserdeem konnt hie mam Déifstall vun engem weideren Handy a Verbindung bruecht ginn. Déi geklaute Géigestänn goufe confisquéiert an hire Besëtzer zeréckginn. De presuméierten Täter gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

An der Rue Sigefroi an um Boulevard Royal an der Staat krut e Samschdeg an der Nuecht jeeweils eng Persoun hir Kette vum Hals gerappt.

Back to Top
CIM LOGO