
Wéi d’Police schreift, huet en Automobilist éischten Informatiounen no e puer geféierlech Fuermanöveren op der Héicht vun der Sortie Diddeleng Zentrum gemaach. Zwee Motocycliste konnten dem Gefier fir d’éischt nach aus de Féiss kommen, ma kuerz drop gouf ee vun hinnen vum Won erfaasst. De Motocyclist ass gefall a gouf schwéier blesséiert.
De Chauffer ass zwar stoe bliwwen, huet sech kuerz drop awer ewech gemaach ouni seng Donnéeën do ze loossen. An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien, déi Aussoen zum flüchtegen Automobilist an deem sengem Gefier kënne maachen.
All Informatioun ass fir déi national Verkéierspolice (UPR) um (+352) 244 17 5200 oder per E-Mail un upr@police.etat.lu.