Leschte FreidegZeienopruff no Sträit mat Kierperverletzung zu Dummeldeng

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 12 Auer koum et no engem verbale Sträit bei der Gare zu Dummeldeng zu Handgräiflechkeeten tëscht 2 Persounen.
© RTL Archivbild

Dat hat d'Police scho lescht Woch, um Dag vum Virfall, gemellt. Ee Jugendlechen hat eng Schnëttwonn dovugedroen an koum an d'Spidol.

Dummeldeng: Ee Blesséierte bei Ausernanersetzung op der Gare D'Police sicht an deem Zesummenhang no eventuellen Zeien. Wien eppes gesinn huet oder nëtzlech Informatiounen huet, soll sech bei der Police judiciare mellen um (+352)244606666 oder per E-Mail un spj.temoin@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO