
D’Zuele vum Statec klénge just op den éischte Bléck gutt. Dat Ganzt muss ferm nuancéiert ginn, well d’Baisse vun de Faillitte virun allem op Firmen zeréckgeet, déi keng Salariéen hunn oder op Holdingen a Fongen.
Bei Entreprisë mat Mataarbechter ass d’Zuel vun de Faillitten ëm 11 Prozent erop gaangen.
Besonnesch betraff sinn den Immobilien- an de Constructiouns-Secteur.