D'Resistenz géint den Nazismus koum aus ville Kreesser vum Land, aus alle Populatiounsschichten a Beruffsgruppen. Um Méindeg huet ee bei der Post un déi manner bekannten Nimm erënnert, de Serge Allegrezza, President bei der Post.
„Et ass eng Zeremonie, fir zwee fréier Kolleegen, déi een Akte vu Resistenz gewisen hunn. An all deene Geschichte ginn et leider ëmmer Acteuren, deenen hir Nimm net bekannt sinn. Dofir sinn si Haut e Symbol fir all déi, déi de Courage haten „Nee“ ze soen. All déi déi sech getraut hunn, ëffentlech zu hiren eegenen demokratesche Wäerter ze stoen.“
Vum 25. August bis den 13. September 1940 sinn déi éischt Mataarbechter vun der Post fir eng „Reeducatioun“ op Traben-Trarbach geschéckt ginn. Ugangs '41 goufen déi éischt Employéen entlooss oder an Däitschland strofversat.
1942, no der Annonce vum Zwangsrekrutement koum et zum Generalstreik tëscht dem 31. August an dem 2te September – e Streik, bei dem sech och d'Post aktiv bedeelegt huet. De Mike Orazi, President vun der Post Amicale.
„Mir gedenken un déi Leit déi den 3., respektiv de 4. September zu Hinzert erschoss goufen. Mee och u 37 anerer déi vum Standgeriicht fir divers Aktioune bestrooft goufen.“
Fir 9 aner Postbeamte koum et mat glécklechen Ëmstänn just zu Prisong- a KZstrofen. Am Ganze goufen 22 Postieren an d'Kazetter verschleeft, wouvun der 6 do ëmkoumen. 10 koumen an de Prisong, wou 2 verstuerwe sinn. 26 Famillen aus hire Reien hunn alles missen zeréckloossen, fir ëmgesidelt ze ginn.

Et ass en Datum, deen eng Zäsur fir eng ganz Generatioun vu jonke Lëtzebuerger mat sech bruecht huet.
Fouersonndeg, den 30. August 1942 huet de Gauleiter Simon de forcéierte Rekrutement vun de Joergäng 1920 bis 27 dekretéiert. Haut gëtt dësen Dag fir d'79. Kéier commemoréiert. Dacks geet rieds vun enger sacrifiéierter, enger verluerener Generatioun - dat kann duerch Chiffere beluecht ginn.
D'Proklamatioun vun der allgemenger "Wehrflicht" duerch d'Nazie sollt zu enger systematescher Indoktrinatioun vun der Lëtzebuerger Jugend féieren - betraff ware ronn 13.825 Persounen, dovunner koum all Drëtten ëm d'Liewen oder gouf nom Krich als vermësst deklaréiert; dëst mécht 2.850 komplett onschëlleg Affer aus. Vun den iwwer 3.600 Fraen, déi agezu goufen a beim "Reichsarbeitsdienst" agesat goufen, sinn der 46 verscheet.
D'Jongen, déi deemools agezu goufen, kënnen als reegelrecht "Kanounefudder" bezeechent ginn, well der 6.700 un d'Front koumen an der dovunner 2.850 gefall sinn. 43% deemno, eng Stierfquot, déi iwwert der Moyenne läit.
Erënnert gëtt haut awer net nëmmen un d'Affer, mä natierlech och un déi 3.500 Jonker, déi sech verstoppt oder desertéiert hunn oder och geflücht sinn, fir net mussen an der verhaasster Nazi-Uniform ze kämpfen. Dës Refraktäre konnten nëmme mat Hëllef vu Familljen iwwer Jore verstoppt ginn, déi selwer domat an d'Viséier vun de Nazie gerode sinn.
Erënnert gëtt och un d'Resistenz-Organisatiounen, déi dem Feind d'Stier gebueden hunn a sech ënner stänneger Liewensgefor fir d'Flucht vu Refraktären a fir e fräit Lëtzebuerg agesat hunn.
Den 30. August 1942 als Zäsur mat der Proklamatioun vum forcéierten Déngscht an de Nazi-Arméien, mä e Groussdeel vun de Lëtzebuerger wëll net, datt seng Kanner fir Däitschland stierwen - den Dag drop trëtt d'Land an de Streik. D'Nazie reagéiere brutal: 125 vun deenen, déi couragéiert gestreikt hunn, gi verhaft - 21 zum Doud verurteelt an exekutéiert. 260 Lycéesschüler ginn an Däitschland geschéckt, fir do "ëmerzunn" ze ginn.
Den Zweete Weltkrich ass dee gréisste Konflikt, deen eist Land jee erlieft huet - d'Traumae bei allen implizéierte Leit si bis haut spierbar, an dat Joerzéngten duerno - nëmmen d'Wëssen iwwert dat, wat der Populatioun an de Jonken deemools am Speziellen ugedoe gouf, kann hiert Leed éieren an net an de Vergiess gerode loossen - e Verbriechen, dat net dierf verjären.
Fir un den Dekret vum forcéierte Rekrutement an de Generalstreik erënneren, sinn dëser Deeg Commemoratiounszeremonien am ganze Land. E Méindeg den Owend ass zum Beispill esou eng Zeremonie um Lampertsbierg an der Stad, déi vun der Fédération des Enrolés de Force, Victimes du Nazisme organiséiert gëtt.