
An zwar gëtt den Artikel 75 aus dem Code Civil esou ofgeännert, datt sech net méi muss an der Märei selwer bestuet ginn. D'zivil Bestietnesser an d'agedroe Partnerschafte kënnen also temporär och an anere Lokalitéiten an de Gemengen organiséiert ginn. Dat am Respekt vun den imposéierte sozialen Distanzen an der Limitt vun 20 Leit, déi bei dësen Zeremonië maximal dierfen dobäi sinn. Well et a ville Gemengen eben net méiglech ass, d'Covid-Precautiounsmesuren anzehalen, hunn d'Ministeschen Tanson a Bofferding dës zäitlech limitéiert Derogatioun geholl.
Wou dës kommunal Lokalitéite fir d'Zeremonien vum Pacs oder dem Bestietnis sinn, muss de Schäfferot definéieren an d'Inneministesch muss se accordéieren.
D'Mesure gëllt wärend dem Etat de crise, deen u sech Mëtt Juni ausleeft an nach 12 Méint duerno, also bis Juni 2021.

AHA Lëtzebuerg begréisst, dass d'Regierung, op Virschlag vun der Inneministesch Taina Bofferding an der Justizministesch Sam Tanson, elo kuerzfristeg de Gemengen d'Méiglechkeet bitt, fir Hochzäiten an d’Schléissung vun enger Partnerschaft net nëmmen an der Gemeng, mä och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, ofzehalen.
Zanter laangem huet sech d'AHA Alternativen zu den traditionellen Hochzäitszeremonië gewënscht, déi de Koppele méi Spillraum bei der Gestaltung vun zivillen Zeremonien erlaabt, ouni dofir manner attraktiv ze sinn.