
D'lescht Woch huet d'Chamber d'Gesetz fir d'Ëmsetzung vum europäeschen Asyl- a Migratiounspakt gestëmmt. Vun der Zivilgesellschaft kënnt e Mëttwoch de Moien awer massiv Kritik. De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH, UNICEF Lëtzebuerg an den OKAJU, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, kritiséieren net nëmmen den Inhalt vum Gesetz, mee och d'Aart a Weis, wéi et duerch d'Parlament bruecht gouf.
D'Regierung hätt d'Bedenke vun der Zivilgesellschaft iwwerhaapt net consideréiert. Dobäi wieren iwwer 20 Avisen a Commentairë bei der Chamber ukomm, wat u sech schonn aussergewéinlech wier. De Sergio Ferreira vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: "Vum LFR, vum OKAJU, vun der CCDH, vun der Unicef, vun immens vill Playeren, och vu Jurisdiktiounen, och dem Barreau. An déi Avise vun den doten Instanzen, déi een direkte Lien mam Terrain hunn, goufe guer net geholl. An dat weist, datt d'Preoccupatioun war, dat séier ze maachen an net richteg."
Och déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert, dass alles duerchgeboxt gouf an dass ee bal keng Zäit hat, fir all d'Amendementer richteg ze aviséieren.
Wat den Inhalt ugeet, sot d'Presidentin vun der CCDH Noémie Sadler, dass ee sech virop un den neie "Centres de filtrage" stéiert, an deenen Asyl-Demandeuren direkt no hirer Arrivée iwwerpréift ginn.
"Siwen Deeg, fir alles ze verifizéieren. An da muss dann och nach eng Contrôle de vulnérabilité gemaach ginn. An där Kontroll muss een och nach kucken, ass déi Persoun Affer vu Mënschenhandel. An do steet guer net dran, wéi detektéiere mer en Affer. Do steet just dran, et muss gekuckt ginn. Mir wëssen net genau, wéi gëtt dat dann eeben dee Moment gekuckt. An eeben och wéi den OKAJU et an Unicef et och scho gesot hunn, dass elo 16-järeg Läit och kënnen a Retentioun gesat ginn. Dat sinn nach Kanner. An dat ass eben och eppes, wat mer ganz ganz kritesch gesinn."
Baséierend op där Evaluatioun gëtt duerno decidéiert, wéi ee Schutz, also Asyl, oder Betreiung eng Persoun kritt. Onglécklech wier och, dass d'Agente schonn ufänke kéinte mat schaffen, ouni eng Formatioun gemaach ze hunn. An et wéisst een och net, wéi effikass dës Formatioun duerno ass. Kritesch gesäit d'CCDH och, dass an dësem Gesetzestext net dovu profitéiert gouf, fir besser punkto Preventioun vu Mënschenhandel zesummenzeschaffen.
"Mee wat eis eebe wonnert an och bësse stéiert, ass, dass eeben op esou Ulafplaze wéi bei der Direction de l'Immigration oder och beim ONA, dass do keng weider Affer detektéiert ginn. Do gëtt gesot, mir maachen eng standardiséiert Prozedur. Déi hu mer awer och elo nach net gesinn. An dat mécht eis awer op d'mannst stutzeg, well mer soen eis, jo bon, do sinn awer vulnerabel Leit do drënner, do si bestëmmt och Affer vum Mënschenhandel drënner. Wéi kann dat sinn, dass do einfach näischt detektéiert gëtt?"
Besonnesch schaarf Kritik kënnt och vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. De Charel Schmit:
"Also aus kannerrechtlecher Siicht ass natierlech de Fräiheetsentzuch an deem sougenannte Screening-Center, dem Centre de filtrage, natierlech eppes, wat ni hätt dierfe sinn. Zu engem Moment, wou Frankräich d'Détention administrative ofgeschaaft huet, geet Lëtzebuerg hin an duerch d'Hannerdier maache mer erëm de Fräiheetsentzuch, banaliséiere mer de Fräiheetsentzuch, esou wéi mer grad esou am Numm vum Kannerschutz Mannerjäreger ab 11, 12 Joer an den Erwuesseneprisong setzen an dat am Fong nach aus enger Schutz-Logik eraus wëlle begrënnen."
En anere Punkt, deen den OKAJU stéiert, ass, dass nees verpasst gi wier, eng Evaluatiounskommissioun am Interêt vum Kand ze schafen.
Och d'Alexandra Gardeur vun UNICEF Lëtzebuerg betount, dass et wichteg wier, e spezifeschen Accueil fir Kanner virzegesinn. "Mais ce qui est important d'avoir en tête, évidemment, c'est qu'un enfant devrait toujours être vu avant tout comme un enfant, avant d'être vu comme une personne qui doit être prise en charge dans un système compliqué administratif pour déterminer son statut. Donc l'enfant doit vraiment toujours être vu en premier, avant tout, comme un enfant et être alors accueilli aussi dans des structures qui sont adaptées pour lui."
A genee zu dem Sujet, vun den Accueilsstrukturen, fënnt den OKAJU-Charel Schmit däitlech an haart Wierder:
"1 vu 5 Fäll, déi bei der Ombudsstell hei ukommen, hu mat Migratioun ze dinn. Dovunner ganz vill mat deene Konditiounen, Liewensbedingungen, ënner deenen déi 2.000 Kanner a Jugendlecher an eise Flüchtlingsstrukturen am Alldag konfrontéiert sinn. Dat sinn dehumaniséierend, mënschlech Prozeduren a Strukturen. Wann ee bedenkt, dass ee wéi am Bâtiment T bis fënnef Mol den Dag duerch en X-Ray goe muss, wéi um Flughafen. Wat mécht dat mat Kanner? Mat Jugendlechen? Wat mécht dat mat Famillen, wa quasi am Alldag wéi an engem Prisong op si opgepasst gëtt a se ënnert permanentem Generalverdacht stinn? Dat mécht eppes mat Mënschen. Dat ass net positiv."
De Charel Schmit gesäit do d'Politik an, virun allem, d'Gemengen an der Verantwortung.
"Soulaang d'Gemenge mat breede Schëllere sech kënne Luxusbauten erlaben, ouni am gläichen Zuch fir déi selwecht Millioune Sozialwunnengen ze bauen, fir souwuel d'Residente wéi déi, déi dauerhaft zu Lëtzebuerg wäerte bleiwen, kréie mer déi Politik net gedréint. Do muss d'Politik Courage hunn an d'Gemengen an d'Flicht huelen an déi Gemenge bestrofen, déi sech där nationaler Solidaritéit entzéien."
De Charel Schmit fuerdert eng Tripartite fir Sozialwunnengen a seet gläichzäiteg all deene Leit Merci, vum Educateur an der Schoul bis den Trainer am Futtballveräin, déi am Alldag mat Flüchtlingskanner schaffen an hinne Liichtblécker am Alldag bréngen.