
Den Interessi vum Public, fir mat iwwert d’Pensiounen ze diskutéieren, schéngt do ze sinn. Zanter de Site schwätzmat.lu en ligne ass, hu sech ronn 2.200 Leit d’Informatiounen do ugekuckt. Dat sinn déi aktuell Zuelen, déi de Ministère e Mëttwoch de Mëtteg publizéiert huet. Ronn 500 hunn e Commentaire oder eng Propos en Vue vun enger zukünfteger Pensiounsreform ofginn. Zu den Topsujete géifen d’Erop- oder Erofsetze vun de Cotisatiounen respektiv dem Cotisatiounsplaffong gehéieren, esou d’Ministesch fir Sozialversécherung Martine Deprez.
De Pensiounsalter gëtt thematiséiert, och am Hibléck op Leit, déi kierperlech schwéier schaffen. D’Fairness vum System iwwerhaapt an d’Méiglechkeet, Bäitragsjoren nozekafen. Mä och d’Noutwendegkeet, d’Mindestrent eropzesetzen an nei Plaffonge fir d’Maximalrent anzeféieren.
Da proposéieren och verschidde Leit, en Eenheetsregimme ze kreéieren, an deem esouwuel d’Staatsbeamten an -Employéen, wéi d’Beschäftegt aus dem Privatsecteur verséchert sinn, ouni Ënnerscheeder. Aner Bäiträg beschäftege sech mat de Studiejoren oder nach de privaten Zousazversécherungen. Déi eenzel Beiträg ginn net publizéiert. De Ministère huet dofir d’Erlabnis vun den Auteuren net gefrot. Et kann een also net direkt op eenzel Propose reagéieren.
De Marc Spautz ass iwwerdeems neie President vun der Kommissioun fir Gesondheet a Sozialversécherung. Hien ersetzt den CSV-Deputéierte Max Hengel, dee rezent gestuerwen ass, op deem Posten.
D’Martine Deprez hält sech weiderhi bedeckt, wat d’Richtung vun enger zukünfteger Pensiounsreform ugeet. E Mëttwoch de Moien huet si mat den Deputéierten awer eng éischte Kéier iwwert d’Méiglechkeet geschwat, déi administrativ Käschten aus der Pensiounskeess eraus bei de Staat ze verlageren. Dës Mesure, déi esouwuel de Patrone wéi de Gewerkschafte gefält, géif der Pensiounskeess Sputt ginn, well doduerch déi lafend Recetten e puer Joer méi laang duer ginn, fir déi lafend Depensen ze decken.