Rettungshelikopter am AsazZu Bierden ass en Trakter ëmgefall, 3 Persoune goufe verwonnt

Andy Brücker
Méi e schroen Accident ass en Dënschdeg de Moien an der rue im Will zu Bierden geschitt.
© Luxembourg Air Rescue

Um 11:30 Auer sinn d'Rettungsekippen op Bierden an d'rue im Will geruff ginn. Hei ass en Trakter ëmgetippt an dräi Persoune goufe verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Buerschent an aus der Nordstad, Ambulanze vu Miersch an aus der Nordstad, grad ewéi de SAMU vun Ettelbréck, respektiv de Rettungshelikopter.

De SAMU vun Esch war dann um Dënschdeg am Nomëtteg gefuerdert, méi genee um 15:20 Auer. Zu Esch an der rue Simon Bolivar waren e Motorrad an eng E-Trottinett net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. Och d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO