Trotz verkierztem ProgrammBegeeschterung zu Déifferdeng fir groussherzoglech Koppel

Marc Hoscheid
D'Festivitéiten am Park Gerlach stounge ganz am Zeeche vum Zesummeliewe vun de verschiddenen Nationalitéiten.

Et ass eng Traditioun, datt déi groussherzoglech Koppel um Virowend vun Nationalfeierdag all Joer eng aner Gemeng besicht. Op hirem éischten Nationalfeierdag als Grand-Duc a Grande-Duchesse waren de Guillaume an d'Stephanie e Méindeg zu Déifferdeng an do war d'Stëmmung trotz oder vläicht och grad wéinst den héijen Temperaturen nawell exzellent.

Och wann et de Virowend vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag war, war zu Déifferdeng awer eng ganz multikulturell Stëmmung. D'Virféierungen hu vu portugiseschen Trommler, iwwert ee Veräin, dee sech d'Fërderung vun der indescher Kultur op de Fändel geschriwwen huet, bis bei ee Capoeira-Club gereecht. De Programm sollt de Motto vun der Stad Déifferdeng "Different Together" erëmspigelen. Ma déi gréissten Attraktioun fir d'Leit war awer déi groussherzoglech Koppel, wéi dës Aussoe weisen:

"Et ass natierlech eng grouss grouss Éier, eng Kéier kënnen dobäi ze sinn, wann de Groussherzog och eng Kéier hei op Déifferdeng kënnt, op alle Fall."

"C'est une journée importante et c'est au même temps spéciale. J'aime voir la viste de la grande-duchesse et du grand-duc et tout ça."

"Et war ganz flott, et war een ofwiesslungsräiche Programm, vill Veräiner hunn eppes Flottes gewisen an et war och flott, hinnen eng Kéier sou no ze kommen."

Wéinst den héijen Temperature war de Programm verkierzt ginn an et huet sech alles am Park Gerlach ofgespillt. No de Virféierungen huet de Grand-Duc Guillaume sech an dat gëllent Buch vun der Stad Déifferdeng agedroen a krut ënnert anerem eng Skulptur iwwerreecht. De Kënschtler vum Wierk Jhang Meis erkläert, wat et domadder genee op sech huet:

"Dat ass am Fong geholl Eternity gewiescht, als Maquette vun där grousser Skulptur, déi virum 1535 steet an dat hu se da proposéiert, datt ech déi Maquette dem Grand-Duc soll iwwerreechen. Mee et ass awer ganz witzeg, 2002 hunn ech dem Grand-Duc och eng Skulptur iwwerreecht, dat war awer vun der Stad Esch an 2014 huet de Grand-Duc Henri mir eng Skulptur iwwerreecht. An haut den Owend war et dann u mir, fir dem Grand-Duc Guillaume déi dann ze iwwerreechen."

An och wann et wéinst dem Wieder net onbedéngt néideg war, huet de Grand-Duc et sech net huele gelooss, zum Schluss nach ee Feier vun de Scouten unzefänken. An d'Scouten hunn et sech hirersäits net huele gelooss, hirem Lëtzebuerger Chef ee Lidd ze sangen:

"Mir Guiden a Scoute sinn allzäit bereet, loosse keen am Stach, mir stinn op an danze mat, mat Foulard a mat Uniform. Mir si stolz Scouten ze sinn."

An dono goung et du fir déi groussherzoglech Koppel an d'Stad, wou jo och nach e bëssi eppes um Programm stoung.

Am Süde vum Land
Um Virowend vun Nationalfeierdag war d'Groussherzoglech Koppel zu Déifferdeng. De Programm gouf wéinst der Hëtzt och liicht gekierzt.

Back to Top
CIM LOGO