
Dobäi goufen zwee Motorrieder, déi virun der Hausdier stounge geklaut. D’Police enquêtéiert.
An da gouf nach tëscht 19 an 22.50 Auer an der Rue de l’Ecole zu Duelem an een Eefamilljenhaus agebrach. Déi Onéierlech haten eng Fënster op der Récksäit vum Haus opgebrach, fir sech Zougang zum Haus ze verschafen. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz.