Et war e Communiqué, dee méi Froen opgeworf, wéi beäntwert huet. Dës Woch huet d’Escher Gemeng matgedeelt, dass hir Streetworker keng Iessbongen oder waarm Schlofsäck méi verdeele géifen, d’Demande wier einfach ze grouss. Datt dee Service grad elo, matten am Wanter, gestoppt gëtt, wärend op nationalem Plang vill iwwer den Heescheverbuet diskutéiert gëtt, iwwerrascht. En plus well d’Minettmetropol zënter zwou Woche mam Christian Weis e Sozialaarbechter als Buergermeeschter huet.
Bei der Escher Stëmm vun der Strooss sinn och um Freideg nees erëm iwwer 200 Leit passéiert. 200 Moolzechte pro Dag, dat war d’lescht Joer nach éischter d’Ausnam, mëttlerweil ass et d’Reegel. Bis elo konnt ee sech mat engem Iessbong vun de Streetworker déi 50 Cent fir eng waarm Moolzecht spueren. Zënter dëser Woch ginn dës Iessbongen awer net méi verdeelt. Neierdéngs muss jiddweree bezuelen. D’Stëmm vun der Strooss fillt sech vun där Decisioun e bëssen iwwerrompelt.
Et wier ee virun e fait accompli gesat ginn, seet d’Alexandra Oxacelay. Et wéist een net wat d’Hannergrënn wieren... budgetär, Organisatiounsproblemer mat de Streetworker oder ass et en neie Wand, dee bléist? Et wéist een et net.
Och déi Concernéiert fille sech virun de Kapp gestouss. En Dënschdegowend hu si spontan virun der Escher Gemeng manifestéiert. Si hätten héieren, dass d’Stad Esch spuere misst a reprochéieren de Gemengeresponsabelen, dat elo op hirem Réck ze maachen.
Dee Reproche loossen den neie Buergermeeschter a säi Sozialschäffen net gëllen. Si erklären eis, dass et beim Streetworker-Service organisatoresch a personell Problemer gouf, dass dee Service net esou funktionéiert huet, wéi si sech dat virgestallt hunn, an dass notamment d’Iessbongen net cibléiert genuch verdeelt gi wieren. Doduercher hätt een d’Missioun vum Streetworker reorganiséiert, fir datt se geziilt organiséieren an identifizéieren, wou de reelle Besoin ass bei de Leit, esou de Bruno Cavaleiro (CSV), Sozialschäffen Stad Esch.
“Fir datt se geziilt dohinner orientéiert ginn, un déi Departementer, un déi Servicer, déi et erméiglechen, hinnen déi bescht Hëllef ze ginn.”
D’Gemengeresponsabel erënnere beispillsweis dorunner, dass Leit, déi zu Esch gemellt sinn, och vum Office Social gehollef kréien.
Bei der Stëmm vun der Strooss huet dës Decisioun nach kee groussen Impakt. Vereenzelt Clientë wieren zwar zënterhier net méi laanscht komm, mee et géifen nach grad esouvill Moolzechten zerwéiert gi wéi virdrun. Och wann et vläicht valabel Grënn ginn, bedauert een hei, wéi dës Decisioun geholl a kommunizéiert gouf. Déi betraffe Leit géife sech alt erëm am Stach gefillt loossen.
Alexandra Oxacelay: “Elo musse mer kucken, wéi dat sech apendelt. Et wäert sech apendelen. D’Leit si souwisou gewinnt... si hu kee Choix, datt Saache séier decidéiert ginn, iwwert hire Kapp decidéiert ginn, ganz seelen zu hire Gonschten”.
Ënnerstëtzung kréien déi Betraffen awer vu Privatleit, déi sech solidaresch weisen. Ee Mann huet zum Beispill Jetone kaaft, fir se selwer ze verdeelen, well d’Streetworker dat net méi maachen.
Den Escher Buergermeeschter Christian Weis, selwer Sozialaarbechter, gëtt zou, dass d’Kommunikatioun an den Timing an dëser Geschicht net grad optimal gewiescht wieren. Den Androck, dass hien déi kommunal Sozialleeschtunge massiv beschneide wéilt, wär op jiddwer Fall falsch. Hien ënnersträicht, dass sech un der Sozialpolitik zu Esch näischt wäert änneren, an dass ee weider eng sozial Politik huet, wou ee par rapport zu anere Gemenge senger Meenung no eng Virreiderroll hätt. Zu Esch hätt een nämlech e Streetwork-Service, grad ewéi aner Strukturen um Terrain, fir Persounen, déi an enger grousser Prekaritéit sinn, opzefänken.
Op der Maniff en Dënschdeg krut den Escher Buergermeeschter och ënnerstallt, hie wéilt en Heescheverbuet aféieren. Do war de Christian Weis awer formell: zu Esch wär ee bis elo och ouni esou en Heescheverbuet eens ginn, an et géif aktuell kee Grond ginn, dorunner eppes ze änneren.
Zënter dësem Freideg ass an der Stad d’Police-Reglement iwwert d’Heeescheverbuet a Kraaft. Den neien Inneminister Léon Gloden huet d’Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding géint esou e Police-Reglement gestrach.
Parallel war et d’Annonce, dass et heiheem méi generell an déi Richtung kéint goen. Am Minett sinn op d’mannst zwou grousse Gemengen do éischter retizent.
Zu Diddeleng hat ee bis virun e puer Méint am Policereglement Dispositiounen, dass de Buergermeeschter d‘Méiglechkeet kritt huet, d’Mendicitéit um Territoire anzeschränken. Dat gouf awer Mëtt 2023 réckgängeg gemaach, esou den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana, LSAP.
“Mär hunn zënter Juli en neit Polizeireglement. Et ass och unanime vun alle Parteien am Gemengerot ugeholl ginn, an do ass kee Lien méi mat der Mendicitéit dran... an et wäert och kee politeschen Usaz weider kommen, fir dat nees nei anzeféieren”.
Och an der Minettmetropol mécht ee vum neie Kader a Saachen Heescheverbuet wuel kaum gebrauch, seet den neien Escher Buergermeeschter Christian Weis, CSV.
“Ech kommentéieren net déi national Diskussiounen do. Ech sinn elo Escher Buergermeeschter, ech kucken op mäin Territoire haaptsächlech. An do ass meng Positioun fir de Moment ganz kloer. Ech mengen, dass mir hei zu Esch keen Heescheverbuet brauchen”.