De Georges Mischo bleift, net iwwerraschend als Meeschtgewielten, Buergermeeschter vun der Stad Esch. Doriwwer eraus gouf en Donneschdegmoien um Parvis vun der Gemeng op engem Point Press annoncéiert, dass d’Sondéierungsgespréicher tëscht der CSV, der DP an deene Gréngen erfollegräich ofgeschloss wieren. Esch hätt 2017 de Wandel gewielt, a wéilt dësen och weider bäibehalen, sou de Georges Mischo.
D’nächst Woch sinn dräi Rendezvouse virgesinn, fir de Koalitiounsaccord ze diskutéieren an eventuell ofzeschléissen. Iwwert eng méiglech Besetzung vun de Ressorte gouf nach net kommunizéiert. Spéitstens an zwou Woche soll dat passéieren.
An éischter Linn ass de Point Press awer genotzt ginn, fir op Aussoe vum LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz ze reagéieren. Et géing net stëmmen, dass CSV, DP an déi Gréng sech scho getraff hätten, ier de leschte Walbüro ausgezielt war, sot de Georges Mischo. Hie wier am Quartier Général vun der CSV gewiescht, bis de leschte vun den 38 Büroen ausgezielt war. Eréischt géint 22.20 Auer oder 22.30 Auer hätte sech CSV, DP an déi Gréng an der Gemeng getraff.
De Meris Sehovic, Co-Parteipresident a Spëtzekandidat vun déi Gréng sot, dass sech bei den éischte Gespréicher schonn um Walsonnde séier erausgestallt hätt, dass vill Konstellatioune vu vireran ausgeschloss wieren. Nom Ausziele vum leschte Walbüro hätt een eng Gespréichsoffer vun der CSV kritt, déi am Comité vun der Lokalsektioun beschwat gi wier, an dono ugeholl.
Och fir d’Journalisten. déi déi Nuecht op der Plaz waren, ass dat Ganzt extrem séier gaangen. Soudass ëmmer nach Zweiwel bestinn, op dee leschte Walbüro wierklech schonn ausgezielt war, ier sech d’Parteimember gesinn hunn. Telefonéiert virdrun hu se sécher. Eng grouss Roll schéngt dat awer souwisou net ze spillen, well ee sech scho vu vireran a verschidde Punkten eens, respektiv net eens war.
Den LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz hätt virum Walowend ëmmer nees widderholl, dass keng Koalitioun mat der CSV a Fro kéim, an domat sech a seng Partei schachmatt gesat, huet de Georges Mischo betount. Den DP-Spëtzekandidat Pim Knaff huet da gesot, an der Walnuecht en Telefon vum Steve Faltz kritt ze hunn. Hien hätt zwar keng Koalitiounsméiglechkeet vu vir eran ausgeschloss, füügt awer direkt bäi, dass scho wärend dem Walkampf d’LSAP sech negativ zu der DP positionéiert hätt. Dofir hätt hie keng Vertrauensbasis gesinn. Tëscht Mischo a Knaff schéngt dogéint kee Blat ze passen. Bleift den Drëtten an der Ronn, de Spëtzekandidat vun déi Gréng.
De Meris Sehovic huet als Eenzege kee stralend Gesiicht um Donneschdegmoie gehat. Éischter ugeschloen huet hie geschéngt. Et rumouert, dass et géing Zodi an der Partei ginn. Gouf ze séier zougesot, à tout prix? Et hätt ee ganz kloer gesot, et wéilt een net à tout prix am Schäfferot sinn, rechtfäerdegt sech de Politiker vun déi Gréng. Et wier een och duerchaus bereet gewiescht, 6 Joer konstruktiv Oppositiounsaarbecht ze maachen. Viraussetzung wier gewiescht, dass een d’Kärtheme kéint ëmsetzen an eng gemeinsam Visioun fir Esch hätt. Dass et géing Zodi an der Partei ginn, wier dogéint eng Falschinformatioun. D’Virgoensweis bis haut wier nämlech mat de kompetente Gremien a mat der Lokalsektioun ofgestëmmt gewiescht.