
Wann d’Bierger dëse Sonndeg an der Gemeng Parc Housen wiele ginn, maachen se dat fir d’éischte Kéier am Proporzsystem. Laang hat et duerno ausgesinn, wéi wann et guer keng Wale géif ginn, well just eng Biergerlëscht mam Numm “Är Ekipp” hir Kandidatur annoncéiert hat. Ma ganz zum Schluss ass nach d’Lëscht “De fräie Bierger” an d’Course erageklommen. Dobäi ass den Numm Programm, besteet d’Lëscht dach just aus enger Persoun.
An zwar aus dem Jose Pedro Lourenço, deen déi Housener Leit wuel besser ënnert sengem Spëtznumm Piwi kennen. Et ass déi éischte Kéier, datt den 52 Joer ale gebiertege Portugis, deem seng Famill viru 50 Joer op Lëtzebuerg koum, mat an d’Wale geet. Datt hien eleng op der Lëscht ass, géing doru leien, datt en net déi richteg Matstreider fonnt hätt. Et géing him nämlech ëm d’Saach goen an hie wéilt net de Mann spillen, wéi aner Leit dat wëlles gehat hätten. Him geet et dann och virun allem drëm, d’Zesummeliewen an der Gemeng ze verbesseren.

“Datt do nach misst versicht ginn, méi ze maachen fir zum Beispill och déi nei Awunner mat ran ze bréngen, datt d’Leit sech mat der Gemeng identifizéieren. Net nëmme just heihinner wunne kommen, heihinner schlofe kommen an da schaffe ginn an d’Kanner hei an d’Schoul ginn. Mä versichen déi Leit, déi bäikommen, ze integréieren. Et ass schwéier, et ass eppes, dat net an enger Kéier gemaach gëtt, mä do gesinn ech awer nach Potenzial. Och dee Moment fir déi Leit an de Veräiner kënnen ze gewannen.”
Suerge bereet him och de Wuesstem vun der Gemeng mat hire mëttlerweil ronn 4.000 Awunner. Et misst zwar neie Wunnraum geschaaft ginn, mä d’Uertschafte sollten awer hiren Duerfcharakter behalen. Egal wéi gutt hie bei de Walen ofschneit, ee Buergermeeschter Piwi wäert et awer net ginn, den Zäitopwand wier him mat Bléck op Beruff a Famill ze grouss. Iwwert ee Schäffeposte kéint een awer bei engem entspriechende Resultat schwätzen. Gäre Buergermeeschter bleiwen, géing de Romain Wester. Hie geet mat 10 weidere Kandidaten op der Biergerlëscht “Är Ekipp” an d’Course. Néng Kandidaten op där Lëscht si Conseilleren am aktuelle Gemengerot. D’Konkurrenz gesäit hie positiv
“Ech si frou, mir sinn an enger Ekipp ugetrueden zu 11 Leit, fir eis de Wale vum 11. Juni ze stellen an dann ass et fir eis sécherlech och gutt, datt mer wësse wou mer dru sinn an datt mer net einfach Nommés élus sinn.”

An deenen nächste Jore géing et drëm goen, d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze erhéijen, dat duerch de Bau vun engem Contournement fir Housen an dem Réckbau vun der N7 an der Uertschaft. D’Aarbechten um Contournement fänken en Donneschdeg den 08. Juni un. Ma och d’Houschter-Déckt misst ee Contournement kréien an de Schinker zu engem Pôle d’échange ausgebaut ginn. Weider gréisser Projetë wieren de Bau vun neie Crèchen an d’Erweiderung vum Schoulcampus am Parc. Zudeem soll d’Geschäftswelt nei belieft ginn. Et wäert ee Centre commercial op Housen kommen, dat op deem ale Futtballterrain bei der N7. De Contract de réservation soll en Donneschdeg an der leschter Gemengerotssitzung vun dëser Legislatur ugeholl ginn. Den Numm vum Centre commercial dierft net nëmmen de Leit vun Uewerpallen eppes soen.