
Beim Personal vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer rumouert et. Wéi d’Tageblatt fir d’éischt bericht hat, gouf dat an enger ëffentlecher Sëtzung vum Gemengerot Enn Februar thematiséiert an dowéinst een externen Audit an Optrag ginn. RTL-Informatiounen no ginn et eng Partie Reprochen un d’Adress vum Gemengesekretär a wann de Problem net geschwë geléist gëtt, kéinte grouss Projeten impaktéiert ginn.
Op Nofro hi wollt den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis näischt zu de Streidereien ënnert dem Personal soen, et wéilt een d’Affär intern reegelen. Ma well d’Sëtzunge vum Gemengerot am Toun opgeholl ginn, héiere mer hei, wat de Claude Gleis den 23. Februar gesot huet:
“Mir hunn zesumme mam Gemengerot, mir haten eng Aarbechtssëtzung, hu mer decidéiert, datt mer wëllen een externen Audit maachen. Datt mer kucken, wou leie wierklech d’Problemer, datt mer mol Fakten op den Dësch kréien an op Grond vun deene Fakte kann dann ee Schäfferot och Decisiounen huelen.” Fir deen Audit hunn déi Gemengeréit, déi an der Sëtzung present waren, unanime ee Budget vun 100.000 Euro gestëmmt. De Claude Gleis sot eis awer um Telefon, datt een dovun ausgeet, datt et méi bëlleg gëtt.
RTL-Informatiounen no stousse sech quasi all d’Mataarbechter vun der Gemeng, ronn 20 Leit, un der Aart a Weis vum Sekretär. Et geet dobäi net ëm Mobbing géint eenzel Persounen, mee vill méi generell ëm d’Aart a Weis, wéi dëse mat aneren ëmgeet. Hie géing aner Meenungen net gëlle loossen a soen, datt d’Leit sech eng aner Plaz siche sollen, wa se onzefridden domadder sinn, wéi d’Saachen zu Ierpeldeng gehandhaabt ginn. Et géing dann och ee Konflikt doriwwer ginn, wat ënnert d’Responsabilitéit vum Sekretär fält a wat net. Sou soll dësen zum Beispill zimmlech genee iwwerpréiwen, ob Leit wierklech am Homeoffice schaffen oder de Service technique bei Decisiounen ausschléissen.
Zum externen Audit sot de Claude Gleis an der Gemengerotssëtzung iwwerdeems nach dëst:
“Dat geet jo och just, wann de Caractère d’urgence ginn ass, deen ass hei ginn. Mir wëlle gäre séier reagéieren op déi dote Problematik. An et ass och d’Intérêt communal, dofir mengen ech, kënne mer deen dote Punkt op den Ordre du jour bäisetzen. Iddi ass, och vum ganze Gemengerot, datt mer do lo séier ukommen, datt mer an all déi Reprochen, déi lénks a rechts déi lescht Woche komm sinn, datt mer do bëssi Kloerheet bréngen.”
Déi Ausso deckt sech awer net mat den Informatiounen, déi eis virleien. Deemno wier d’Behuele vum Gemengesekretär schonn zanter Joren een Thema an de Buergermeeschter hätt och schonn e puer mol intervenéiert, allerdéngs ouni datt et zu enger nohalteger Verännerung komm wier. Hannert de Kulissen ass ze héieren, an der Lescht hätten dowéinst schonn e puer Leit gekënnegt a wa sech net geschwënn eppes ännere géing, kéinte weiderer nokommen. Deemno wien dat wier, kéinten doduerch déi grouss Projete vun der Gemeng, virop de Bau vun enger neier Primärschoul, ausgebremst ginn.
RTL-Informatiounen no ass och d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC am Bild an hat esouwuel Reunioune mat deene Mataarbechter, déi dem Sekretär Reprochë maachen, dem Sekretär an dem Gemengerot. Den FGFC-President Claude Reuter huet just confirméiert, datt ee mat deene verschiddene Säite geschwat huet, weider wollt hie sech awer net zum Dossier äusseren.
Interessant ass och, datt verschiddene Gemengeconseilleren negativ an Erënnerung bliwwen ass, datt de Gemengesekretär fréier, ier d’Sëtzunge vum Conseil opgeholl goufen, méi dacks einfach d’Wuert ergraff huet. De Sekretär war an der Zäit iwwregens selwer politesch aktiv an esouguer Schäffen zu Bettenduerf.
Mir hunn och de concernéierte Gemengesekretär kontaktéiert, mee dëse wollt näischt zu de Reprochë soen an huet op de Buergermeeschter verwisen.