Am Dezember goufe 6.000 richteg Certificaten erstallt, ouns awer, datt iergendee geimpft gouf. De Verkaf vum gefälschten Impfnoweis um Schwaarzmaart ass zu engem richtege Marché ginn. Wéineg Fäll si bis ewell zu Lëtzebuerg bekannt.
Vill Fälschunge gi guer net erkannt. Dofir boomt den Handel mat gefälschte Päss weider, besonnesch op Darknet-Plattformen – awer och op Messenger-Déngschter ewéi Telegram.
D’Lëtzebuerger Santé an de CTIE, de Centre des technologies de l’information de l’Etat, halen hire lokalen Informatik-System, mat deem d’QR-Code produzéiert ginn, fir sécher, esou de Constat en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun.
“Zu Lëtzebuerg baséiert all Impf-Certificat, deen ausgestallt gëtt, op eng Matricule. Dat heescht, datt et ganz schwiereg ass, “Fake"-Certificaten ze produzéieren. Sou ewéi een et am Ausland gesinn huet, ass et zu Lëtzebuerg net méiglech.”, erkläert d’DP-Deputéiert Carole Hartmann.
All Certificat, deen ausgestallt gëtt, kann iwwerdeems op déi Persoun retracéiert ginn, déi dësen original validéiert huet.
“D’Chance ass esou relativ begrenzt, datt een aus Gefällegkeet e Certificat ausgestallt kritt.”, esou d’CSV-Deputéiert, Diane Adehm. Gi falsch Certificate bis gemellt, da verléiere se och kuerz drop hir Gültegkeet.
“De CTIE huet déi bekannten Nimm an de System agespeist. Da weist d’App direkt rout un.”
Aktuell waart een drop, datt et op europäeschem Niveau esou eng Lëscht gëtt, fir dës Informatiounen am groussen Ausmooss ze sammelen. D’Kontroll vun der Carte d’Identité hätt dëse Marché awer zum Deel ënnerbrach, esou d’Carole Hartmann.
“Et ass och e wichtege Moyen fir festzestellen, ob eventuell Schmu gedriwwe ginn ass. Dat war am Fong virdrun eise Problem. Dacks konnt d’Persoun vis-à-vis net erkennen, ob effektiv et déi Persoun war, fir déi se sech ausginn huet.”
Bis ewell si 4 Nimm op der rouder Lëscht.