Virun 100 Joer - 9. Januar 1919Zu Lëtzebuerg gouf fir 48 Stonnen d'Republik ausgeruff

Pit Everling
Kevin Kayser
Bei enger Manifestatioun viru genau 100 Joer gouf d'Lëtzebuerger Republik ausgeruff. No 48 Stonne war dës scho Geschicht.
Den Historiker Denis Scuto
Den Historiker Denis Scuto
© RTL (Archiv)

Nom Enn vum Éischte Weltkrich duerchlieft Lëtzebuerg onsécher Zäiten. Op der enger Säit gouf et eng gréisser politesch-institutionell Kris. D'Gauche wëll d'Monarchie ofschafen, d'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde steet am Zentrum vun der Kritik, hir gëtt reprochéiert, mat der Besatzungsmuecht sympathiséiert ze hunn.

Ausruff vun der Republik zu Lëtzebuerg - Rep. Pit Everling

Och aus dem Ausland kënnt groussen Drock op dat onofhängegt Lëtzebuerg. Derbäi kënnt eng sozial Kris.

Den 9. Januar 1919, also viru genau 100 Joer gëtt et zu Lëtzebuerg eng grouss Manifestatioun bei där d'Republik ausgeruff gëtt, eng Staatsform, déi awer just 48 Stonne sollt iwwerliewen. Franséisch Truppen hunn no zwee Deeg d'Protestbeweegung opgeléist. Zu gläicher Zäit gouf an der Chamber no Weeër aus der Kris gesicht.

Den Historiker Denis Scuto erkläert, datt et d'Rietspartei war, déi de Vott verhënnere konnt. Donieft gouf mat der Grande-Duchesse verhandelt, déi dann och d'Accord war, an der Nuecht op den 10. Januar, fir ofzedanken. Esou kann d'Vollek da selwer iwwer e Referendum entscheeden, ob een eng Monarchie oder Republik wëll.

Dëst ass dann och d'Enn vun dëser Manifestatioun. Esou hu politesch Manövere vun der Regierung an déi franséisch Truppen dëser Revolutioun en Enn gesat.

Extrait Denis Scuto

Back to Top
CIM LOGO