
D’Baueren a Frankräich wëllen d’Autobunn A31 um, Donneschdeg an um Freideg op der Héicht vum Kino zu Diddenuewen a béid Richtunge blockéieren. D’Spär soll vun en Donneschdeg de Moien 10 Auer u gëllen a 35 Stonnen laang daueren. Och aner Plazen am Département Moselle si betraff.
D’Bauere sinn onzefridden a weisen dat op der Strooss. Net nëmmen a Frankräich, mä och an Däitschland an a Rumänien zum Beispill.
Hei zu Lëtzebuerg huet d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen sech dës Woch mat der Bauerenallianz an der Bauerenzentral getraff. Prekär wier d’Situatioun bei de Schwéngsbaueren, mat deene schonn eng Reunioun fixéiert gi wier, heescht et an engem Communiqué.
Prioritéit hätt déi administrativ Vereinfachung. D’Martine Hansen huet och confirméiert, datt hei am Land all Subside fir de Secteur bäibehale ginn. De 4. Mäerz ass och en éischte Landwirtschafts-Dësch.
D’Martine Hansen ass dann och e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.