D’Zukunft plangen. Den Netzbedreiwer Creos geet dervun aus, dat Lëtzebuerg 2040 eng 5.900 Gigawatt d’Stonn u Stroum verbrauche wäert. D’Mobilitéit awer och d’Heizunge wäerten déi nächst Joren d’Nofro undreiwen. Schonn 2035 soll dee Stroum zu 100% Gréng sinn. 40 bis 45 Prozent dovu soll dann hei am Land produzéiert ginn.
Geografesch läit eist Land a Breedegraden, wou Wand dräi Mol méi effizient genotzt ka gi wéi Sonn. Ee 4-Megawatt-Wandrad bréngt déi selwecht Leeschtung wéi 10 bis 12 Hektar u Sonne-Panneauen. De Relief vum Land bréngt mat sech, dat e 4-Megawatt-Wandrad am Norden, méi Leeschtung bréngt, wéi dat selwecht am Süden.
Den Ament ginn eng 10 bis 12 nei Wandmillen d’Joer opgeriicht.
D’Plazen, wou dat iwwerhaapt méiglech ass, si begrenzt. D’Normen, wat de Kaméidi ubelaangt, wieren zum Beispill hei zu Lëtzebuerg méi streng wéi an onsen Nopeschlänner Däitschland oder d’Belsch, sou de Minister Claude Turmes, deen op engem Punkt ëmdenke wëll.
Wandrieder méi no un Autobunnen a Schnellstroossen, respektiv Industriezonen.
“An der Belsch an an Holland, do däerfen d’Wandmillen no bei de Stroosse stoen. Also bei den Autobunnen oder de Schnellstroossen. An och méi no an den Industriezonen. Firwat? Well do e gewësse Grondkaméidi souwisou ass. Dat ass eppes, wat mer elo nach wollte kucken. Ob mer nach eng Rei zousätzlech Anlagen eventuell bei den Autobunnen oder och méi no bei d’Industriezone kréien. Industriezonen dat wier och intressant, well dat jo dann och Stroum wier, deen déi Betriber, déi an enger Industriezon wieren, och kënnen notzen.”
Well et op den 2.586 Quadratkilometer vum Land realistesch net méiglech wäert ginn, genuch Stroum fir eisen Eegeverbrauch ze produzéieren, riicht d’Regierung de Bléck Richtung Norden. Lëtzebuerg ass iwwer zwou Haaptleitungen un Däitschland ugeschloss. Dat nërdlech, selwer nees u grouss Wandparken an der Nordsee, respektiv dem baltesche Mier ugeschloss ass. Stéchwuert, Offshore Wand.
An enger Woch gesi sech déi europäesch Staats- a Regierungscheffe mat den Energieminister an den Acteuren aus dem Secteur zu Ostende. Do soll de Grondstee geluecht ginn, fir den Equivalent vun 250 bis 300 Atomkraaftwierker, dank Offshore-Wand am grousse Style ze produzéieren.
Lëtzebuerg wäert zu Ostende och mat enger Wirtschaftsdelegatioun present sinn.
Ee vun de gréissten Investisseuren an deen Beräich aus Estland, hätt zum Beispill säi Fong hei zu Lëtzebuerg, sou de Minister. Deen ënnersträicht, dat eist Land och en aktive Partner wëll sinn, wat d’Investitiounen an d’Offshore Wandenergie ubelaangt.