Police am AsazZwee Männer waren an der Ëmgéigend vum Findel an zwee verschiddene Bussen uneneegeroden

RTL Lëtzebuerg
Zwee Mol hunn d'Polizisten am Beräich vum Fluchhafe missten agräifen, well déi selwecht Männer matenee Sträit haten.
© Laurent Weber

Wéi am Policebulletin steet, goufen d'Beamte géint Mëtternuecht alarméiert, well an engem Bus, deen a Richtung Fluchhafen ënnerwee war, zwou Persounen uneneegerode sinn. Éischten Informatiounen no war d'Basis vun dëser kierperlecher Ausernanersetzung verbal Beleidegungen tëscht méi Persounen. Wéi dëst sech weider héichgeschaukelt huet, sinn dunn zwee Männer uneneegeroden. Wéi d'Beamten op der Plaz waren, hat sech d'Saach du kuerz berouegt.

Ma wéi d'Poliziste fort an d'Männer an en anere Bus geklomme waren, ass d'Situatioun nees eskaléiert. Si sinn nees uneneegeroden a béid sinn doduerch och gefall, wéi si den zweete Bus nees verloosse wollten. Béid goufen dobäi liicht verwonnt. Well si sech dono weider onkooperativ géintiwwer de Beamte gewisen hunn a béid ënnert dem Afloss vun Alkohol stoungen an doduerch eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn, si si an de Passagearrest komm, fir hire Rausch auszeschlofen.

Ëm déi selwecht Zäit waren dann och d'Beamte vun Esch op eng Kläpperei an de Bistro op der Place de l'Europe geruff ginn. Béid Männer, déi uneneegerode waren, waren nach op der Plaz, wéi d'Police ukoum. Wéi d'Polizisten d'Situatioun kläre wollten, war ee vun de Männer besonnesch onkooperativ an ass och der Opfuerderung vun de Polizisten, fir de Bistro ze verloossen net nokomm. Och hie koum an Arrest, hat awer virdrun nach e Rendez-vous bei engem Dokter.

Da mellt d'Police nach en Iwwerfall op en Zeitungsbuttek zu Bouneweeg. Hei war e Mann mat enger Kagull an d'Geschäft komm an huet d'Mataarbechter opgefuerdert, him den Inhalt vun der Kees ze ginn. Mat dësem ass hien dann och fortgelaf. Am Kader vun den Ermëttlunge gouf nom Täter gesicht an dëse konnt net wäit vum Zeitungsbuttek ewech lokaliséiert ginn. Beim Mann hunn d'Beamten eng gréisser Zomm Boergeld wéi och déi erwäänte Kagull fonnt. Well d'Beamten dowéinst de Verdacht haten, datt et sech ëm de Verdächtegen handelt, gouf dësen op Uerder vum Parquet festgeholl an hat en Donneschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO