
Géint 20.37 Auer ass e Freideg den Owend e Motocyclist um CR310 gestierzt a gouf dobäi liicht verwonnt.
Donieft goufen d'Pompjeeën 2 Mol geruff, well et gebrannt hat. Kuerz no 18 Auer stoung zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs Gestrëpp a Flamen. Géint 23 Auer hat e Container zu Uewerkuer an der Rue Boettelchen gebrannt. A béide Fäll gouf keng Persoun blesséiert.