Samu op der PlazZu Uewerkuer krut en Auto e Moto ze paken

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochmëtteg waren d'Secouriste vum CGDIS bei véier Accidenter am Asaz, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
Asazgefierer vum Samu.
© Laurent Weber

Um 16 Auer krute sech zu Wolz an der Route d’Ettelbruck zwee Autoen ze paken. Hei waren d’Pompjeeë vu Wolz an d’Ambulanciere vu Clierf op der Plaz.

Um 16.15 Auer krut dann en Auto an der Route de Belvaux zu Déifferdeng e Motocyclist ze paken. Hei ass nieft de Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng an den Ambulanciere vun Esch och den Noutdokter vum Escher Samu an den Asaz geruff ginn.

Eng Véierelstonn méi spéit ass dann e Motocylist um CR101 tëscht Koplescht a Schëndels gefall. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Koplescht an d’Secouriste vu Mamer.

um 16.40 Auer krut dann e Camion op der A3 tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz e Moto ze paken. Hei waren d’Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng an d’Ambulanciere vun Esch op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO