60 Pompjeeën am AsazZu Viichten huet e Sonndeg eng Auberge gebrannt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 17.30 Auer gouf et e gréissert Feier an der Haaptstrooss zu Viichten.
© Johann Wanschoor

Wéinst dem villen Damp hunn d'Pompjeeë Verstäerkung missen ufroen. Am Ganze ware 60 Pompjeeën am Asaz. Et gouf kee blesséiert

D'Gemeng këmmert sech ëm de Relogement vun de Leit. Dat deelt de CGDIS an engem Communiqué mat.

Op engem Feld tëscht Alzeng a Siren huet e Sonndeg géint 22 Auer eng landwirtschaftlech Maschinn gebrannt. D’Flame waren och op d’Feld iwwergaangen an hu fir e Flächebrand gesuergt. D’Pompjeeë vun Hesper, Mutfert an aus de Stad hu geläscht.

Back to Top
CIM LOGO