Institut national des langues"Zuel vun de Leit, déi wëlle Lëtzebuergesch léieren, klëmmt weider"

Diana Hoffmann
Déi lëtzebuergesch Sprooch gëtt ëmmer méi populär. Vill Leit wëllen d'Sprooch léieren an dat net nëmmen hei am Land, mee esouguer iwwert d’Grenzen eraus.
© MENEJ

Dofir gëtt d’Offer am Institut national des langues, kuerz INL, permanent weider ausgebaut. Souwuel online, wéi och a Form vu méi Coursen.

Lëtzebuergesch léieren / Reportage Diana Hoffmann

Déi lëtzebuergesch Sprooch ass esou beléift ewéi ni. Si ass e staarken Integratiounsfacteur zu Lëtzebuerg, net nëmmen an der Beruffswelt, mee och fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft, seet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Ëmmer méi Leit wëllen d’Sprooch léieren.

Wa mer déi lescht 10 Joer kucken, dann hu sech d’Zuele vun den Inscriptioune quasi verduebelt. Souwuel am Institut national des langues, wéi och an der Formatioun vum Service de la formation des adultes, déi landeswäit ugebuede ginn.

Iwwer 5.600 Aschreiwunge gouf et dëst Joer bei de Coursë vum Institut national des langues. Fir där grousser Nofro gerecht ze ginn, kritt den INL eng weider Annex an der Nordstad zu Ettelbréck. Awer och d’Onlineoffer gëtt méi grouss. Geschwë scho geet eng nei Léierplattform online, wéi d’Directrice vum INL, d’Maisy Gorza, erkläert:

An där Léierplattform kann ee sech am Vocabulaire, an der Grammaire an an der Prononciatioun trainéieren. Als éischt mécht een en Astufungstest, deen d’Niveauen an deene verschiddene Kompetenzen definéiert. An da gëtt e Programm ugebueden, deen op déi verschidden Niveauen, déi een huet, ugepasst ass.

Fir d’éischt wäerten op der Plattform Coursë fir Ufänger ugebuede ginn. Dëst kéint och fir Leit aus dem Grenzgebitt nëtzlech ginn, well och do klëmmt den Interessi fir d’Sprooch. An Däitschland gëtt scho mat “Volkshochschulen” zesummegeschafft, an der Lorraine mat Gemengen an och a Frankräich ass een a Kontakt mat Formatiounsinstituter fir Erwuessener, fir Coursen unzebidden, betount den Eric Goerens Direkter vum Service de la formation des adultes:

Den Haaptinterêt kënnt vu Leit, déi wëllen op Lëtzebuerg schaffe kommen. Heiansdo sinn awer och eeler Leit dobäi, déi wëlle Lëtzebuergesch léieren, well se a Kontakt mat der Kultur a Sprooch waren.

Cibléiert ginn an dëse Coursë Leit, déi a Beräicher wéi de Soinen, der Gesondheet oder dem Horeca-Secteur wëlle schaffen, seet de Claude Meisch. Interessant wier och nach, datt d’Demande fir Coursë souguer iwwert d’Grenze vum Kontinent géing erausgoen. Nodeems Coursen an der Ambassade zu Paräis ugebuede goufen, hätt schonn ënner anerem d’US-Ambassade ugeklappt. Leit mat lëtzebuergeschen Originne géinge sech nämlech och dacks fir d’Sprooch interesséieren.

PDF: Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO