Budgete beim StaatZuele gi kontrolléiert, Zuele ginn op

Pit Everling
Wéinst méi engem enke Suivi lafen d'Käschte vill manner dacks aus dem Rudder wéi nach viru Joren. Bescht Beispiller: Gare Pafendall a Fonds Belval.

An de leschte Jore bloufen d'Projete vum Fonds du rail alleguerten am Budget, respektiv louchen drënner. E spektakuläert Beispill wier d'Gare Pafendall, déi um Enn en Drëttel manner kascht huet ewéi geplangt.

D'Deputéiert aus der Budgets-Kontrollkommissioun kruten e Méindeg Zuele presentéiert, déi opginn, wat viru Jore bei grousse Projete jo dacks net de Fall war.

De Bauteminister François Bausch seet, datt de finanzielle Suivi haut vill besser organiséiert wier: D'Chamberkommissioun, d'Verwaltungen an d'CFL géifen e vill bessere Suivi ewéi nach viru 15, 20 Joer maachen.

De François Bausch

Eng aner Ursaach wier déi, datt d'Projete virun der Kris ausgeschafft goufen, wéi d'Präisser fir d'Baue méi héich waren, esou d'Presidentin vun der Kommissioun Diane Adehm. D'CSV-Deputéiert seet awer och, datt d'Situatioun an Zukunft nees genee ëmgedréit dierft sinn: "Am Ministère gëtt festgestallt, datt op Appels d'offre heiansdo just nach een äntwert. Et ass dovunner auszegoen, datt d'Präisser nees wäerten unzéien."

D'Diane Adehm

An där genannter Chamber-Kommissioun gouf och de finanzielle Bilan vum Fonds Belval gemaach: "Au départ waren 960 Millioune virgesinn, mat zousätzleche Modifikatioune war ee bei enger Milliard. Mir sinn elo awer bei engem Ofschloss vun 96 Milliounen", esou den Eugène Berger.

Den Eugène Berger

Eng vun den Ursaache wier déi, datt ee beim Mobilier hätt kënne Suen aspueren.

Back to Top
CIM LOGO