
An der Rue de Reckange zu Monnerech hat et gerabbelt, wéi et am Bulletin vun der CGDIS heescht.
D'Pompjeeën hunn dann an der Nuecht op e Samschdeg zweemol missen eraus, well et gebrannt hat. Zu Bieles huet ee Schäffche Féier gefaang an um Houwald an der Rue Dr. Joseph Peffer hu géint 2.45 Auer Autoe gebrannt. Hei feelen awer vun offizieller Säit weider Detailer.
E Samschdeg de Moien koum et um 10.40 Auer zu engem Autosaccident an der Gäichel, bei Äischen. eng Persoun gouf do verwonnt.