CGDISZwee Blesséierter bei Brand zu Bouneweg, ee bei Accident zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Zwou Persoune goufen blesséiert, wéi et zu Bouneweg um 13.20 Auer an engem Appartement gebrannt huet. Déi genee Ëmstänn sinn net bekannt.

An zu Esch Raemerich si géint 14.20 Auer en Auto an e Bus anenee gerannt, hei gouf ee Mënsch verwonnt. Kee Blesséierte gouf et kuerz viru 14 Auer an der Stad, wéi zwee Autoe sech ze pake kruten.

D'Rettungsdéngschter vun Hesper an der Stad ware béid op den Asätz am Zentrum vum Land, hir Kolleege vun Esch an deem vum Süden.

Back to Top
CIM LOGO