
Wat et méi spéit ginn ass, wat d'Stëmmung um Glacis ëmmer besser ginn ass: D'gratis Concerte vun de "City Sounds" haten op Nationalfeierdag vill Leit an d'Stad gelackelt an dat trotz den héijen Temperaturen, déi owes awer besser ze erdroe waren.
Opreegung um Lampertsbierg dunn awer géint 22:15 Auer, wéi Police a Secouristen stënterlech op en Asaz geruff goufen: Um Eck vun der Avenue de la Faïencerie mam Boulevard de la Foire, also tëscht Glacis a Park, hate sech Persounen an d'Hoer kritt a ware mam Messer openeen duergaangen. Kuerz drop huet ee vill Blutt um Buedem gesinn.
Bei där Messerpickerei goufen zwou Persoune blesséiert, dat huet eis de CGDIS op Nofro confirméiert. Eng Persoun koum mat liichte Blessuren an d'Spidol, déi aner gouf esou uerg verwonnt, datt den Dispositif, deen de CGDIS wéinst de Concerten op der Plaz hat, de Samu als Renfort geruff huet. Nom Asaz koum och déi schwéier blesséiert Persoun an d'Klinick.
De Laurent Schwaller vun der Stad Lëtzebuerg huet de Virfall nieft de "City Sounds" RTL géigeniwwer och bestätegt.